Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- 24-70 (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1803)


Geschrieben von rwp am 25.07.2011 um 23:56:

  24-70

Salut,
wollt mol froen op ech en Canon 24-70 op menger 450D benotze kannß
Merci fir aer Aentwerten
RWP



Geschrieben von Laurent76 am 26.07.2011 um 08:48:

  Re: 24-70

Ob eng Vollformat kanns te gewessen Objektiver net maachen, ob eng APS-C kanns te awer all Objektiv maachen...., an dessem Fall, jo, daat kanns te benotzen. Du hues dann natierlech keen 24-70 mei mee een 36-105mm...



Geschrieben von Loki am 26.07.2011 um 10:31:

  Re: 24-70

Jo daat kann ech aus Erfahrung och bestägen. En EF Objektiv passt och op eng EF/EF-S Camera an genau di Kombinatioun vun 450D & 24-70mm huet e Kolleeg vu mir am Betrieb.
Bei Canon erkenns de EF/EF-S Cams praktescherweis dorun dass zw *zwou* Markéierungen um Bayonett hun, nämlech eng waiss & eng roud. Eng EF Cam erkenns de dorun dass se *just* eng roud huet.

Geet tadellos, mee wéi virdrun schon erwähnt verännert sech wéinst dem Crop Faktor e bessen d'Brennwait, resp. daat waat beim Sensor ukënnt. Awer d'Scharfstellen asw ass guer kee Problem, an duersch de Crop bass de an engems e bessen manner mat daischteren Ecker (Vignettéirung) geplot wi op enger Vollformat, woubai ee muss soen dass d'24-70er do souwisou zimlech brav ass smile

En EF-S Objektiv kanns de iwweregens net op eng EF Cam dropschrauwen well déi e besse mi wait an de Body erakukken an daat kann der mat e besse Pech de Spigel fetzen...

Vill Spaas domat, et ass derwert Augenzwinkern



Geschrieben von rwp am 26.07.2011 um 13:19:

  Re: 24-70

Merci vir dei schnell Aentwert,da kann ech jo lo berouegt mat dem 24-70 schaffen:-)



Geschrieben von gi87 am 26.07.2011 um 17:06:

  Re: 24-70

Heuste dan Objektiv schon kaaf ? well den 17-55 f2.8 IS EFs ass och e wonnerbart objektiv emplus adapteiert vir dein capteur vum apparat, + de stabilisator...


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH