Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Waat fir en Material als nächst? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1797)


Geschrieben von jekyll am 05.07.2011 um 13:28:

  Waat fir en Material als nächst?

Sou also, viru kuerzem hun ech dann elo ugefaangen mat Fotoen maachen.

Ech hun eng ganz Bescheiden Ausrüstung:

- Nikon D90
- Nikon 18-200 mm Objektiv
- Stativ

Lo waat als nächst?

- 35mm Objektiv
- 50mm Objektiv
- Blëtzgerät
- 2-3 Studio's Luuchten

... oder am Lotto gewannen an dann alles beieneen kaafen?

Froën iwwer Froën...



Geschrieben von MarcGerard am 05.07.2011 um 13:36:

 

ech giff e 35mm huelen smile een anere giff sech e studio huelen.
wichteg as wats DU brauchs, a wat fir dech méi senn mecht.

ech giff awer een objektiv kafen. schon elleng fir deen 18-200 sou wéineg wéi méiglech ze benotzen!!!



Geschrieben von Miau am 05.07.2011 um 13:37:

  RE: Waat fir en Material als nächst?

ereescht mat deem Material deem Du huest eens gin, vill Fotoen maachen...erno weest Du och a waat eng Richtong Du an der Fotografie goen wëllst, dann ass nach ëmmer Zeit hu neit Material zu denken

De Marc huet allerdengs recht, mat ee 35m/m musst Du dech mei op dei Motiv konzentreieren a besser Dei Bild zu komponeieren



Geschrieben von pol9000 am 05.07.2011 um 15:04:

 

stellt sech dFro waat vir Fotoen s de man wells,

Wells de ganz bestemmten Ereegnisser dokumenteieren,
an zu all moment all Foto man kennen, bleiw baim 18-200 a kaf de Bletz
(Journalismus, Hochzaiten, Famill, Vakanz)

Wann et der mei egal ass obs de wierklech all Foto man kanns, mee leiwer gudd Fotoen mess, dann eischter den 35 oder de 50. Weinst de meiglechkeeten an der Deiftenschärft, bai weineg Luucht, an well eng Festbrennwait een zum laafen brengt.
(Street etc)

Wanns de mei Studios/gestallten Fotoen man wells, Portait, Makro, Stillleben etc dann vlaischt eischter Luuchten...


deng ropgelueden Fotoen deiten eischter op daat 2t hin....



Geschrieben von MarcGerard am 05.07.2011 um 15:12:

  RE: Waat fir en Material als nächst?

Zitat:
Original von Miau
De Marc huet allerdengs recht, mat ee 35m/m musst Du dech mei op dei Motiv konzentreieren a besser Dei Bild zu komponeieren


et as éischter, well den 18-200 onheemlech kekst! den ennerscheed vun engem 18-200 op ee proppert objektiv mat mindestens enger blend vun 2,8 as enorm.

(ech hun 2 joer lang mat engem 18-200 geschafft bis ech dat erkannt hun. 2 joer déi ech ni méi eremkréien smile )



Geschrieben von jekyll am 05.07.2011 um 16:19:

 

Zitat:
Original von pol9000

deng ropgelueden Fotoen deiten eischter op daat 2t hin....


Du hues ganz recht...ech denken ech gin op en 50mm (*1.5 = 75mm bei DX). Dann kann ech bessi laafen, an d'Qualitéit vu mengen Biller déi mer ganz wichteg ass kann sech an der Schärft verbesseren. DOF ass of en Thema an ech denken mam Nikon 50mm f/1.8 D fir lauseg 150 € kann ech mer eng Freed maachen. (Desen Objektiv get hei rekommendéiert: http://www.kenrockwell.com/nikon/5018daf.htm)

Merci fir är Kommentairen...



Geschrieben von Miisamm am 05.07.2011 um 17:36:

 

50 1.8 ass deck Belleg, an ass anscheinend nach emmer een vun deene schärfsten Objektiver Iwwerhaapt, pass just op dass de di aal AF-D versioun kriss, well di nei AFS Versioun (ass lo just eraus), huet anscheinend e bessen mei verzerrung.
An AF-D ass wi gesoot 150€ deemno wou nach e bessen mei Belleg.

Wann e Bletz, dann een vun Nikon, weinst CLS an egal wei vill mei besser gudd wei di aaner, hun selwer en sb600, an dat ass iwwer, den sb400 geif ech net urooden, well e schränkt kreativ vill mei an wei den sb600, oder sb700.

A soss geif ech mengen probeier emmer de Maximum mat deenen Saachen ze maachen, deis de hues.

Vill Spass beim Knipsen :-)



Geschrieben von jekyll am 05.07.2011 um 20:14:

 

Zitat:
Original von Miisamm
50 1.8 ass deck Belleg, an ass anscheinend nach emmer een vun deene schärfsten Objektiver Iwwerhaapt, pass just op dass de di aal AF-D versioun kriss, well di nei AFS Versioun (ass lo just eraus), huet anscheinend e bessen mei verzerrung.
An AF-D ass wi gesoot 150€ deemno wou nach e bessen mei Belleg.

Wann e Bletz, dann een vun Nikon, weinst CLS an egal wei vill mei besser gudd wei di aaner, hun selwer en sb600, an dat ass iwwer, den sb400 geif ech net urooden, well e schränkt kreativ vill mei an wei den sb600, oder sb700.

A soss geif ech mengen probeier emmer de Maximum mat deenen Saachen ze maachen, deis de hues.

Vill Spass beim Knipsen :-)


Merci Missam. Ech haat eigentlech en Aa op en Nissin Bletz geheit...mee bon ech ka jo nach spueren...



Geschrieben von gi87 am 05.07.2011 um 21:21:

 

Esh gief en 24-70 f 2.8 proposeieren, wat em welten besser den 18-200, fannen wann een mat da fotografie debuteiert oder reicht an den startlecher stees dann gief ech leiwer en objektiv proposeieren wat Flexibel ass vun weitwenkel bis ob e zoom... Fannen Fix Brennweiten gief esh virschloen wann een wiekleg kann mat sengem Aparilo kann emgoen an een och wiekleg an da Portraitfotografie dran ass... (Hun selwer en 85mm f1.2, mee de bedarf ass gereng..), an de 50 mm ass an mengen Aaen just spezifech gud vir verschieden sujeen, kloer kann een och alles mam 50 er knipsen, mee et ass nie e weitwenkel an kee zoom... an de 24-70 mat senger Blen vun 2,8 isoleiert och flott e Portrait vum Hannergrond...
Dat wir mol meng Meenung Augenzwinkern



Geschrieben von Miisamm am 05.07.2011 um 23:15:

 

24-70 ass emmer mega bis Perfekt, mäh ech fannen dei denger einfach ze deier...

Hun nach emmer keen, an hun awer nach emmer ganz vill freed um Knipsen.
Wann een puer Joer Fotoen mescht an vill Geld ronderem Trellen huet, an vläit suguer Professionel Fotoen mecht muss een en 24-70 2.8 an en 70-200 2.8 hun, dat ass sou een ongeschriwwent Gesetz.

An 1-2 Joer leeschten ech mer se och Zunge raus



Geschrieben von jekyll am 06.07.2011 um 08:43:

 

Zitat:
Original von gi87
Esh gief en 24-70 f 2.8 proposeieren, wat em welten besser den 18-200, fannen wann een mat da fotografie debuteiert oder reicht an den startlecher stees dann gief ech leiwer en objektiv proposeieren wat Flexibel ass vun weitwenkel bis ob e zoom... Fannen Fix Brennweiten gief esh virschloen wann een wiekleg kann mat sengem Aparilo kann emgoen an een och wiekleg an da Portraitfotografie dran ass... (Hun selwer en 85mm f1.2, mee de bedarf ass gereng..), an de 50 mm ass an mengen Aaen just spezifech gud vir verschieden sujeen, kloer kann een och alles mam 50 er knipsen, mee et ass nie e weitwenkel an kee zoom... an de 24-70 mat senger Blen vun 2,8 isoleiert och flott e Portrait vum Hannergrond...
Dat wir mol meng Meenung Augenzwinkern



Hmm... ech hun mer mol dem Ken Rockwell seng Meenung ugekuckt zum 24-70mm an hei en Zitat:

"You people know who you are. This is Nikon's best mid-range zoom ever for film and FX format digital cameras. It just works, and it works great, if you don't mind carrying it.

For use on DX digital cameras like the D300, D200, D80 and below, I'd rather use my 18-200mm VR instead. Not that this 24-70mm isn't great, but you're paying a huge size, weight and price premium for FX coverage, which isn't used on DX digital cameras (see Crop Factor)."

An ech hun mer den Prais ugekuckt...ehem...aua.



Geschrieben von Mexx am 06.07.2011 um 13:49:

 

Also ech hun mer lo och firun net grad engem Joer en 24-70 2.8 kaaf (op enger 50D), an ech sin mei wei nemmen zefridden domadder. Ass einfach genial qualiteit, an deen zoomberaich an deem ech am meeschten knipsen. Mee ech muss zougin dat en dann aver schon besi eppes weit, an ech hun mer en och nemmen mat der aussischt kaaf mer am september eng 5D zouzeleen, wann ech d suen zesummenkreien smile



Geschrieben von gi87 am 06.07.2011 um 18:41:

 

wou esh meng Nikon D90 demols hat do hat ech dat objektiv och, wor ok am ufank dun mei speid sin ech op den 24-70mm vun Nikon gesprongen an wor hell wesh an et wor e groussen Qualiteits enerscheed zumols mam virdeel vir owes eng Duerchgehend lichstärkt ze hun vun 2.8 an knack scharf Biller iwer de ganzen Bereich , vir portraits Fotoen woren och excellent, an lo wou ech op der sait vun Canon sin, hun esh och mein 24-70mm an kannemmen soen top, den Nikon 24-70 wor en Tick besser wat Contraster an schaerf ungeht, mescht fotografen benotzen et am Studio oder am reportage bereich, an vir als reeseobjektiv asset och gud geegnet welste halt qualitativ flexibel zwechen zoom an tele bass !



Geschrieben von VeloBen am 06.07.2011 um 19:03:

 

Ech werfen mol den Sigma 17-50 2.8 an d'Ronn.

Praissleeschtungsverhältnis einfach onschlagbar. An fier mech ass Ww méi wichteg wéi cill Zoom. Dofier hun ech den Nikon 70-200 2.8.



Geschrieben von gi87 am 06.07.2011 um 19:59:

 

Och interasst weiste sees Preis/Leechtung, just fannen Sigma Fabrikatiounsqualiteit net esou top wei den Hiersteller seng selwer, mat Sigma wor esh schon gud bei gelaaf demols, wei haut Qualiteit ass k.a...



Geschrieben von VeloBen am 06.07.2011 um 22:47:

 

Dann haat ech wuehl chance. Daat Objektif 17-50 2,8 ass eréicht d'lescht Joer eraus komm.

Mettlweil gin se och laang Garantien (5 joer ? ) opp hier Produkter.

Mee du hues Recht een original Nikon ass vun der Haptik engem Sigma emmer iwerleen. Vun schlechter Bildqualitéit oder soss Problemer hun ech awer nach naischt gemierkt.



Geschrieben von gi87 am 07.07.2011 um 07:04:

 

Virun +- 2 joer hat esh och eng Versioun 17-50 2,8 , frontflokus, an den Af mat da zeit net mei richteg gangen.. Dann wor mein eng ana versioun wei deen wous du heus smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH