Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Eng Rubrik Location (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1757)


Geschrieben von JamJam30 am 20.04.2011 um 13:43:

  Eng Rubrik Location

Hallo alleguer,

Ech haet een verbesserungsvierschlag.
Et wier flott wann all User natierlech nemmen wann en wellt seng locations fierstellt.
Zb flott locations wou een schein Fotoen kann machen.

Esou kreien aaner leit och meiglechkeet fier geheim ecker aus eisem Laendchen ze fannen.

Wei fann dier daat

Schein Greiss

JamJam



Geschrieben von MarcGerard am 20.04.2011 um 13:47:

 

ech sin dogéint.
wanns de wells eng location wëssen, kanns de jo foen. ech fannen de fotograf misst sech eraussiche kënnen weem en déi informatioun get, a weem net. well et as schon zevill dacks firkomm, dass een online präisgin huet wou en déi fotoe gemach huet an e joer drop woar 't platz ofgelutscht an zestéiert (ee bekannten hat dat do schon 2 mol a séngem PRIVATEN ATELIER)
wann ech eng location well wëssen, da froen ech de photograf frëndlech an hoffen dass e mer hëllewt. wann e mer awer net well soen wou dat as, da fannen ech dat respaktabel vun him smile



Geschrieben von Schlimpitz am 20.04.2011 um 14:06:

 

Ginn em Mark recht.
Verschieden Locations huet een besser net ze verrooden rsp un dei grouss glack ze hänken.



Geschrieben von Nagarjuna am 20.04.2011 um 14:14:

 

Zitat:
Esou kreien aaner leit och meiglechkeet fier geheim ecker aus eisem Laendchen ze fannen.


Ech sinn och kloer dogéint. Jiddereen soll seng eegen "geheim" Ecker fannen. Wann mir elo ufänken öffentlech um Internet déi lescht puer flott Platzen hei am Land un d'Grouss Glack ze hänken dann sinn et jo keng "geheim Ecker" méi, awer éischter Fototourismus Platzen wou sech eng Persoun der anerer d'Dier an de Grapp gëtt bis dass et dann sou ausgesäit wéi zu Chatillon:

http://images.forum-auto.com/mesimages/675072/imgp0310.jpg1..jpg

Dat trauregt Resultat vun "Location Sharing". De Bauer huet missten déi Autoen déi do schon op d'mannst 40 Joer laang stoungen alleguerten ewech huelen an verschrotten loossen.



Geschrieben von DarkRoom am 20.04.2011 um 14:24:

 

Dito

Ech hun selwer schon e puer Mol iwwert PN bei deem engen oder aaneren Fotograf nogefrot wou dei eng oder Location ass, an hun och nach emmer eng frendlech Äntwert kritt.
Ech hun zwar och schon geäntwert kritt : daat verrooden ech leiwer net/daat well ech fier mech behaalen, mee och daat ass absolut OK an esou eng Äntwert respektéieren ech och

A soss schéin Ecker hei am Ländchen fënnst de och wanns de e bessen ronderem fiers, bzw emol e bessen den Tourist hei am Land spills



Geschrieben von JamJam30 am 20.04.2011 um 14:50:

 

Hallo,

Merci fier aer aentwerten .
Ech geif d'Idee net schlecht fannen , an deen seng locatioun net well preis giin, deen brauch se jo och net an den forum ze schreiwen.
An engem bekannten deitschen Forum gett et daat och an daat fannen ech super

Schein Greiss
JAMJAM



Geschrieben von gloda am 20.04.2011 um 22:44:

 

Déi wou gesot hunn se wéilten dat net hunn direkt vun geheimen Locations geschwat. Fir "normal" Plazen kann et awer duerchaus sënnvoll sinn. Elo schreiwen déi meescht Leit jo schonn "Dat ass aus menger Vakanz am Kenya / zu Mamer op der Velospist / bei menger Tatta an der Stuff" bei hir Foto. Dann ass et e bëssen méi vereenheetlecht. A wa mer eng Kéier sollten eng Suchfunktion fir d'Biller kréien (hint hint Johny ;D ) dann léisst et sech méi gezielt no Fotoe sichen.



Geschrieben von Mika am 20.04.2011 um 23:55:

 

Jo, sou wéi de gloda seet, wier et ganz ok...an fir UrbEx muss een wierklech just di richteg Leit fein froen, an da gi meeschtens dann nach mat dir sur place smile



Geschrieben von gi87 am 21.04.2011 um 13:19:

 

Wär Dofier, wor schon de fall wou ech hei een gefrot hun an de wolt et einfach net Preisgin, fannen dat scheud dass Verschieden Leit öffentlech Platzen Privatiseieren ! Villeicht mengen Verschidener dasse e Virdeel domader hun paraport Anneren User hei.. Kloer wat de Marc och seet heut hien net Onrecht, wär och scheud wan do giefen Locations doduercher och verlour giefen goen..



Geschrieben von Schlimpitz am 21.04.2011 um 14:36:

 

jo dann ännert nach emmer neischt. wann en se net per PN preis get, get en se och net an der location rubrik preis loool
Mengen fir verschieden locations ass et jo keen problem fir se öffentlech ze machen. Zb Philharmonie, loool)
Verschieden Platzen, do soen ech der awer eierlech, geif ech net hei hin schreiwen.
Net well ech dei platzen kengem gönnen, mee fir an zukunft dei platz nach sou rem ze fannen wei ech se kennen ouni dass se verwüst ass.
Daat gelt firun allem fir dei Urbex Geschichten



Geschrieben von JamJam30 am 21.04.2011 um 14:49:

 

An engem groussen deitschen forum iwer fotografie ass do keen thema do schreiwen leit hier locatiouns ouni een problem domader ze huun.

Bon hei ass daat anescht , hei gett een geheimnis draus gemach.
Waat seet den Admin dann iwert dei Idee, ech geif et gudd fannen einfach fier dassen aaner fotografen kennen dovuner profiteiren.

Een deen seng fotoen varkaeft do varstiin ech dass hien seng locatiouns net preisgett mee hei siin dei mescht jo awer Hobby fotografen.

Virwaat gett net einfach eng ofstemmung gemach an dann deceideiert.

JamJam



Geschrieben von Schlimpitz am 21.04.2011 um 15:04:

 

hmm an wei een forum ass daat?
Rsp wei eng locations ginn se preis?

Ech kann der och puer locations ginn smile
Philharmonie
Terres Rouges
Fonds de Gras
asw smile



Geschrieben von Nagarjuna am 21.04.2011 um 15:15:

 

Zum Thema: Däitsch Internetsäiten déi Location-Sharing bedreiwen...

Zitat:
About the pictures, forums and explorer stuff. I have had some bad experiences with sharing, smashed windows and so on lately so i have decied to share with no one anymore except people i have met personally. Those german invasion groups are bad indeed. You must remember i told you about the theft in th dutch monastry you visited too. And some of those groups also hit belgium in big numbers and make it impossible for other people to visit those locations. Anyway i am done with the current forums. I browse them occasionally or if someone wants me to see something.It was cool in the beginning but now it is just people racing to any location that pops up making the same pictures and so on. It is just not interesting anymore.


Déi Noricht hunn ech virun kuerzem nach kritt. All Mënsch mécht do wéi en well. Zenter an Däitschland sou Säiten existéieren ass et eriwwer mam Spaass vir de Rescht vun Europa. Ech hunn mech ni un sou engem Blödsinn bedeelegt, awer et ass jo jiddereen Fräi ze maachen wat en wëllt. Souwisou ginn sou Platzen an leschter Zäit ganz rar. An, wéi den Marc schon gesot huet, schrecken sou Leit mol net zeréck Fënsteren futti ze schloen fir an privat Atelieren anzebriechen, just well se wëssen dass se do Fotoen kennen maachen.

Zitat:
jo dann ännert nach emmer neischt. wann en se net per PN preis get, get en se och net an der location rubrik preis loool


Genau dat denken ech och, an ech huelen un dass mir wéinstens hei an Lëtzebuerg nach e bëssi Vernonft hunn, och wann dat an Däitschland net de Fall ass.



Geschrieben von Schlimpitz am 21.04.2011 um 15:21:

 

Beelitz ass jo en gut Beispill
Do haat nie en Mensch en Problem domat wanns de dohin gangen bass an pics gemach hues (sou weit ech wees, ech war nie do)
Bis Vandalen do waren (lol) an lo ass den Buttek angeblech zou.



Geschrieben von JamJam30 am 21.04.2011 um 15:41:

 

@ NAGARJUNA
Jo also do giin ech dier rescht wann et ufaenkt bei vandalismus dann haelt den spaass op.
Daat geet guer net.
Dei leit dei esou saachen machen siin keng fotografen mei mee kleng krimineller.
Fotografie soll spaass machen ech mengen dofier machen mier et , dei leit dei fensteren futti machen fier fotoen ze machen miissten bestrofft gin, well an mengen aan ass daat daat allerlesscht.



Geschrieben von Nagarjuna am 21.04.2011 um 15:53:

 

Leider ass et jo awer esou, wann een sou Platzen ëffentlech um Internet publizéiert dass net nëmmen Leit mat gudden Absichten dohin ginn. An oft ginn sech dann och verschidden Gesellen mol net méi d'Méi fir eng Entrée ze fannen ouni eppes futti ze maachen. Wann net direkt offensichtlech eppes opsteet, dann gëtt einfach mol eng Fënster futti geschloen. Dat ass d'Resultat vun deenen däitschen Foren an Internetsäiten am Moment. Vun dohier misst du och d'Reaktioun vun den Leit hei am Forum verstoen. Du kanns ganz vill Platzen schon elo an Foren fannen. Awer net nëmmen Fotografen ginn dohin no schéinen Platzen sichen. Paintballer sinn och un sou Platzen interesséiert, sou wéi Sprayer, Vandalen an Kofferdéiwen. Dohier ass et besser sou Platzen ginn net ëffentlech publizéiert.



Geschrieben von gloda am 22.04.2011 um 11:02:

 

Zitat:
Original von Schlimpitz
jo dann ännert nach emmer neischt. wann en se net per PN preis get, get en se och net an der location rubrik preis loool

Ech verstinn de Witz net?



Geschrieben von Schlimpitz am 22.04.2011 um 11:57:

 

Zitat:
Original von gloda
Zitat:
Original von Schlimpitz
jo dann ännert nach emmer neischt. wann en se net per PN preis get, get en se och net an der location rubrik preis loool

Ech verstinn de Witz net?


Majo ech erklären :

Du schecks dem Shanti lo eng PN fir ze wessen wou en d'Foto A gemach huet.
Den Shanti äntwert der, dei location ginn ech net Preiss, dei bleiwt geheim.

Sou wanns de lo eng Rubrik Location hues, mengs de den Shanti geif dann dohinn goen an dei Location, dei en dier net verrooden well, do androen fir dass all Mensch wees wou daat ass?

Mengen net


PS Ech hunn den Shanti lo einfach als beispill geholl well deen emmer sou geil locations haat. Dir kennt och Shanti mat User X ersetzen Augenzwinkern



Geschrieben von gi87 am 22.04.2011 um 11:59:

 

Esh fannen et kann en vir alles iwerdreiwen an zevill seier sensibel regageieren.
Als kief jideren do elo all Location do verwüsten wellen. Emplus dei Locations werten sech souwisou mat da zeit veräneren op dat am positiven oder Negativen ass, mee fannen et soll en sech net selwer zum Beschützer vun denen Platzen do ernennen.Well muss en sech och bewost dass engem dei Platzen do iwerhapt geur net geheiren beiweitem. Kloer sin Dacord wannste sees soll en nix futi man an sou, mengen mir sen io keng Kanner mei, hoffen ech mol.. wannste deurch e Besch trepels, meeste och ongewolt sachen futi op dat eng kleng planz ass bis op insekten deiste net gesais... kann en alles weit sichen goen wann den Dach lang ass.. Fannen wessen an informatiounen soll een Deelen, an fair geigeniwer engem anneren sen.



Geschrieben von Mika am 22.04.2011 um 15:54:

 

Jo ok, @gi87, 80% vun de Léit kenne friddlech handelen an iwwert Joeren dohinner Fotoe machen ginn...wann dann awer 2-3 Belles'en kommen, déi mengen si wieren cool, dichteg oder waat och emmer ass et gedou...Du hues Recht, dass déi Locations kengem vun eis gehéieren. Mee UrbEx-Plaatzen "öffentlech" ze mächen, kéint awer nitt riicht ausginn...
Ech si bislo nach op all Plaatz komm, wou ech wollt. Ech wäer och schon mam Nagarjuna ennerwee, de metalbambi an ech hu Plaatzen mat him gedeelt, an heen mat eis, du muss just fein bléiwen!
Rubrik Location ass ok, mee ech gesinn nitt an, waat déi laang Diskussioun hei iwwert UrbEx-Plaatzen soll bréngen...


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH