Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Foto-Bewäertung (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1627)


Geschrieben von Maxx am 25.08.2010 um 13:39:

  Foto-Bewäertung

Gudden Moien,
Et ass mer opgefall dass vill (och nei eropgelueden) Fotoen eng Bewäertung kritt hunn, och net ëmmer déi Bescht, an dat ouni dass en Kommentar bei der Foto steet.

Ech perséinlech fannen et net normal dass een sech net zur Foto äussert wann een eng Bewäertung ofgëtt.

Ass do vläicht een deen sech en Spaass doraus mëscht fir schlecht Punkten ze ginn?
@Admins: Ass et gewollt dass een kann eng Bewäertung ginn ouni Kommentar?

Ech wier emol gespaant ob et aneren PG-User och opgefall ass, an wat se dozou ze soen hunn.



Geschrieben von Metalbambi am 25.08.2010 um 19:40:

 

Zu den alen gudden Zäiten ass dat mol nëmmen mat Kommentar gaang... Zunge raus

Mee hues Rescht, ass zimlech schäiss eng Bewäertung ouni Kommentar ofzeginn, dann ass se wäertlos.



Geschrieben von Mika am 25.08.2010 um 22:57:

 

Ass jo daat selwecht bei Facebook...et ass sou einfach "I Like" oder eben hei eng Bewertung oofzeginn, awer waat engem wierklech weiderhelleft, wieren Kommentarer (an am beschten bessen méi laang wéi: Cool Foto!).
Also wéinst menger kéint een roueg back to the basics, dh dass d'Bewäertung réischt fräigeschalt gett, wann een d'Foto kommentéiert huet ;-)



Geschrieben von Miisamm am 27.08.2010 um 23:12:

 

Mat "Cool Foto" sin ech meeschtens ;-).

Geif mech awer bei villen net Trauen eng Bewertung Ofzegin, well ech färten alt heinsdo dass ech deemjeinegen seng Foto vläit och guer net verstaanen hun, oder sou, oder wann eng Foto mäi gout net trefft, da bewärten ech se net. Iwwerhaapt bewärten ech just Fotoen vun Leit dei ech gudd kennen...

Ok meng Biller sin net emmer The Top oder whatever, mee dann einfach eng 1 dobäi Paapen, wou ech mer mei gin hun, an dann och nach e puer Leit Positiv Comments ofginn hun, fannen ech eng Sauerei.

HUES DE HEIEREN SCHWANZLOSEN !!!



Geschrieben von Mika am 28.08.2010 um 01:18:

 

Oh, et ginn méi Léit mat "cool Foto" großes Grinsen Nee, mee ech verstinn déi Mentalitéit eigentlech nitt. Photogen ass jo nitt direkt een Portfolio fir d'Fotoen (kann et zwäer mat der Zäit ginn), mee ech lueden meng Fotoen rop, fir vun meeschtens objektiven Léit, eng Meenung ze héieren. Et ass jo hier Meenung, ech hunn déi ze respektéieren mee nitt z'akzeptéieren. Fir emmer ze héieren wéi gudd a wéi cool d'Fotoen sinn, da wéisen ech se der Famill oder op Facebook ;-)
Secher kennt et dann och zu Meenungsverschiddenheeten, Fotografie ass eng Konscht, mee daat kann sech jo och op enger normaler Eben oofspillen (waat een dann "konstruktiv Kritik" nennt).
Ech froen mech wierklech heiansdo firwaat Leit hier Fotoen hei weisen, dann hellt een sech nach Zäit, fir ze anstänneg ze kommentéieren, an dann sinn d'Leit just ugepisst, well een mol eppes kritiséiert huet...
@Miisamm: Och deen hei Post ass lo nitt speziell fir dech geschriwwen, ass einfach eppes waat mir allgemeng op Photogen opfällt. Do kéint een dann och rem diskutéieren, op villäicht méi häert muss sortéiert ginn, well ech hunn no 3 oofgelehnten Fotoen mol réischt ugefaang mir Gedanken ze mächen, wéi een eng Foto mecht...



Geschrieben von Johny am 28.08.2010 um 13:00:

 

Also eigentlech ginn d' Bewäertunge scho bal méi oft mëssbraucht wéi richteg agesat, dofir iwwerléeën ech ob ech se net ganz soll rofhuelen Augenzwinkern Se hëlleft nämlech eigentlech kengem eppes.



Geschrieben von arwa am 28.08.2010 um 13:49:

 

Zitat:
Original von Johny
Also eigentlech ginn d' Bewäertunge scho bal méi oft mëssbraucht wéi richteg agesat, dofir iwwerléeën ech ob ech se net ganz soll rofhuelen Augenzwinkern Se hëlleft nämlech eigentlech kengem eppes.


geing ëch och gudd fannen, dei letzt Déeg as nämlëch rëm éen hei amgaang, einfach mol nëmme schlecht Bewertongen ofzegin.
wien daat as......... as eigentlëch grad sou egal ;-)

schalt së of a gudd as .

e scheine WE gewënscht



Geschrieben von Mika am 28.08.2010 um 14:34:

 

Ech sinn d'accord dermat Zunge raus



Geschrieben von Miisamm am 28.08.2010 um 17:46:

 

Mär ass et egal op d'Bewertung ubleiwt oder net, wann mei Leit geife bewärten, da geif deen ennergoen, mee well souwisou baal kee bewärt ass et wurscht op un oder aus.

@mika,
ech gi mer mei, besser comments ofzegin, ech well eben just och heinsdo leit soen dass hier foto gudd biss mega ass (menger mehnung no) amplaatz dann einfach näischt dohinn ze schreiwen, well ech keng kritik hun wei een et besser maachen kann.
À propos meng vun Freiburg sin entweder gudd oder schlecht ;-) do huet nach baal keen eppes dozou geschriwwen...



Geschrieben von Maxx am 28.08.2010 um 21:53:

 

@Johny an Arwa: ech mengen dier hutt et op den Punkt bruecht: eigentlech hëlleft et net vill, ofgeschaaft wier gutt, an dann kennen mer ons nees op dat Wesentlecht këmmeren.
Merci @ all vir d'Reaktiounen.



Geschrieben von Geko am 29.08.2010 um 15:56:

 

Ech sin nach nët sou laang dobäi, dofir weess ech nët, firwat et ofgeschaft gouf, dat eng Bewertung just a Verbindung mat engem Kommentar méiglech ass. Dat géif ech eigentlich sënnvoll fannen.

Oder den Numm siichtber maachen, vun dem, deen d'Bewertung rausgin huet. Dat géif den aktuelle Problem vläicht och léisen ...



Geschrieben von Mika am 29.08.2010 um 19:01:

 

@Miisamm: Okay, ech wees waaste mengs, däer Fotoen hunn ech och heiansdo, wou een einfach do setzt: Wow. Mee ech mengen lo, wann ech Kommentarer kréien: gefällt mir gudd. Waat gefällt engem? D'Motiv, de Cadrage, d'Fäerwen, d'Veraarbechtung etc etc et ginn souvill Saachen iwwert déi ee kann bei wierklech villen Fotoen schréiwen, wann een sech bessen mat der Foto beschäftegt Augenzwinkern Ech hu mech ufanks och nitt getraut, hei vill Kommentarer oofzeginn, mee dorems geet et jo hei, an wann een nitt mat Kritik ka leewen, domm gaang, da weeste, dasste deem User seng näechst Foto nitt méi kommentéiers.



Geschrieben von Johny am 30.08.2010 um 01:29:

 

Och wann een e Kommentar schreift, huet ee vun der Bewäertung trotzdem naischt smile Ech hu se dofir elo mol temporär ganz eraus geholl.



Geschrieben von marker am 30.08.2010 um 15:30:

 

...mat Bewerten as halt sou eng Sach, mais hei um Site gët ët munch Leit wou op nationalem an souguer op internationalem Plang als Fotojuroren aktiv sin, resp. waren, an ech ging ët och gudd fannen wann esou Memberen, wou an deem Domaine jet Experienz hun sech gingen zu den Vir- resp. d'Nodeeler vun enger Bewertung äusseren.

Ech fir main Deel fannen ët môl guer net sou schlecht, ët misst een ët vlaicht just aneschters aktivéieren.

1) ...ët därft een just reischt d'Rechter kréien fir kënnen ze bewerten nodeems een och e comment bei eng Foto geschriwwen huet.

2) ...ët esou arichten wéi bei den Favoriten, dat jiddereen gesait wien bewert huet, dann gët daat Thema "Bewertung ofgin" secherlech vill méi eescht geholl, an déijeneg wou deem wëllen aus de Féiss goen, kéinten d'Bewertung nach wie vor äusschalten.

Meng Meenung


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH