Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- iPhone 4 - FAQ (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1604)
Geschrieben von mikE am 13.07.2010 um 15:33:
iPhone 4 - FAQ
Moien,
vu que dass na keen sou en Thema do ass, fänken ech mol un
Ech wees net ob schon een vun iech een äusm noem Äusland ergattert huet, mee ech hun mech gefroot ob d'Activatioun och sou geet wei bei engem US-iPad.
D.h. em iTunes en neien Account opmaan, zB Frankräich, als Bezuelungsmethod "None" unklikken, deen aktiveiren (via Mail dei een kritt), an dann den "iApparat" activeiren?
An villeit ass och en LuxGSM'chen heibannen deen soen kann ob en en Datum fier micro-SIM huet an ob dei jidderengem zougänglech gin oder just deenen mat iPhone-Abo?
Muchas gracias
mikE
PS:
"iApparat" loossen ech mer patenteiren
Geschrieben von deBaemm am 15.07.2010 um 09:15:
First of all: den iphone 4 ass top
Zum recht: aktiveieren ass net de problem wanns du en ouni simlock kriss, da kanns du egal weieng sim drageheien an en aktiveieren (aus frankraich z.B. Ass en sim unlocked)
Zu de Microsimen an der sortie kann ech der keen datum soen, well ech et net wees an well och soss keen dierf en datum soen, mee macrumors schwetzt vun engem 28. Juli
Wanns du schon en itunes account hues kanns de roueg dee benotzen
Geschrieben von mikE am 15.07.2010 um 11:13:
Zitat: |
Original von deBaemm
First of all: den iphone 4 ass top
Zum recht: aktiveieren ass net de problem wanns du en ouni simlock kriss, da kanns du egal weieng sim drageheien an en aktiveieren (aus frankraich z.B. Ass en sim unlocked)
Zu de Microsimen an der sortie kann ech der keen datum soen, well ech et net wees an well och soss keen dierf en datum soen, mee macrumors schwetzt vun engem 28. Juli
Wanns du schon en itunes account hues kanns de roueg dee benotzen
|
Merci fier d'Info!
Hun mer een ausm Frankräich vie Apple.fr bestallt. Dann bräuch ech mer also keen "franséischen" iTuneskont anzeriichten fier en z'aktiveiren? Gudd.
Dann schnibbelen ech mer halt eng micro-SIM zurecht...
thx
mikE
PS: hues de schon een?
Geschrieben von mikE am 15.07.2010 um 20:08:
sou, lo mol konkret:
hun d'Iwwerschreft ungepasst
iPhone4 aus der Packung
micro-SIM bastelen (en aanert Wuert get et net dofier)
micro-SIM eran, code agin
iTunes (LU) unschmäissen
iPhone unschleissen an schon aktiveiert en sech vum selwen
einfach schein !!!!!!!
Geschrieben von deBaemm am 15.07.2010 um 20:52:
Jop hun en a si wonnerbar zefridden domat, nix deathgrip bei mir
Geschrieben von mikE am 15.07.2010 um 21:04:
Zitat: |
Original von deBaemm
Jop hun en a si wonnerbar zefridden domat, nix deathgrip bei mir
|
mat oder ouni bumper?
also bei geet mam deathgrip just 1 balken eweg. mat bumper guerkeen
Geschrieben von deBaemm am 15.07.2010 um 23:29:
Ouni bumper
Geschrieben von mikE am 16.07.2010 um 08:01:
bon, ech muss mech e bessli corrigeiren: deathgrip ass awer do! :[
En geet vun 3G an den Edge an en huet dann just na 3 Balken...ech kreien awer keen "No Service". Den 4.0.1 hun ech net drop gesaat...
Sollt ech dann elo eng "Near-Deathgrip-Experience" gema hun?
Geschrieben von mikE am 16.07.2010 um 16:10:
waat mär zwar nach emmer op den Geescht geet, ass dass den Steve et net ferdeg brengt, en shortcut fier BT, WiFi, etc... op den Desktop ze brengen oder mat an dei ierwecht Statusbarre mat anzebauen deen dann ungeet wann een mam Fanger driwwer fiert... wei eben am redsn0w oder sou
(neen, ech well en net jailbreaken.)
Geschrieben von gloda am 16.07.2010 um 20:34:
Opmannst kritt der jo elo en gratis Bumper vum Steve.
Geschrieben von mikE am 18.07.2010 um 19:47:
Zitat: |
Original von gloda
Opmannst kritt der jo elo en gratis Bumper vum Steve. |
Nope, net sou ganz richteg
http://9to5mac.com/node/19762
EDIT:
Kruut meng Suen fier de Bumper erem
Ergo: ech hun nix gesoot.....
Geschrieben von m-otiv am 25.07.2010 um 20:05:
Also ech krutt 29,9€ vun mengem bumper zréck iwwerwisen...ech hun iwwerall probeiert den antennagate phänomeen nozestellen (deathgrip)... Bei mir hun ech deen probleem guer net, haat nach nie matt engem 3G oder 3GS esou e gudden empfang an toun qualiteit..also wann dir mam 3GS zefridden wart, dann kann et nemmen besser gin...
Waat kann Apple méi maachen?
Ween keen wëll, soll sech een Android huelen (die all empfangsprobleemer hun) ;-)
ween een huet an net zefridden ass: 1 mount ruggabe rescht...
Ech fannen méi fair geet et net
Geschrieben von mikE am 26.07.2010 um 09:58:
@m-otiv:
dann hues de chance, dass de keen deathgrip hues... verstinn et awer net, well se all baugleich sin.
mee et ass mer och opgefall, waat d'haenn mei schweesseg sin, waat et "besser" geet fier den deathgrip ze provozeiren.
mee mam recht, hues de Recht!
cheers
Geschrieben von JADE am 29.07.2010 um 21:55:
sie stin Schlang am Moment fir een ze kréien
Geschrieben von Kwitchibo am 30.07.2010 um 10:56:
ech sync'en mein grad mam itunes
iLIKE
Geschrieben von gloda am 30.07.2010 um 11:01:
@kwitchibo Geet bei dësem dat mam Tethering nees hei zu Lëtzebuerg?
Geschrieben von deBaemm am 30.07.2010 um 11:55:
Also bei orange ass daat mam thetering na emmer gaang!
Mir stunge gescht och do waren awer reit um 3 ukomm an hun nemmen 15 minutte gewaard a kruutendee läschten :p
Geschrieben von mikE am 30.07.2010 um 14:46:
an souwäit ech daat hei gesin, geet et bei LuxGSM keen Tethering ouni iPhone Abo.... oder ech hun epps falsch angestallt/configreiert....
General / Network / Cellular Data:
APN web.pt.lu
Username web
Password web
Well iiren ech daat angin haat, stoung eppes vun Tethering am Networkmenu; dono net mei
Geschrieben von mikE am 30.07.2010 um 15:23:
Zitat: |
Original von JADE
sie stin Schlang am Moment fir een ze kréien
|
an, kruus de een?
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH