Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Ofstemmung beim Konkuer (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1527)


Geschrieben von Laurent76 am 12.04.2010 um 11:27:

  Ofstemmung beim Konkuer

Gudden Moien,

dei heiten Fro huet mir schon lescht Woch ob der Zong gebrannt mee ech hun geduercht ech geif awer ereischt eppes nôm Konkuer schreiwen.

Ech wollt emol just nofroen firwaat een bei engem Konkuer net sech selwer kann eng Stemm gin, bei all Demokratie ass daat den Fall daß een och fir sech selwer kann stemmen.

Fro ass nähmlech ob een an deem Fall iwwerhaapt soll mat ofstemmen wann een beim Konkuer matmecht.

Evtl get et jo do een bestemmten Grond, vieleicht awer och enmmen een techneschen....

Merci!



Geschrieben von Johny am 12.04.2010 um 11:55:

 

Well mir d' Leit wëllen derzou bréngen déi bescht Foto ze wielen, net fir egoïstesch ze handelen smile

Ob ee mat ofstëmmt oder net ass engem selwer iwwerlooss ... Mer kënnen awer och gäer aféieren dass jidfereen dee matgemaach huet MUSS ofstëmmen Zunge raus



Geschrieben von _MiAmI_ am 12.04.2010 um 12:02:

  RE: Ofstemmung beim Konkuer

...Jo fannen daat och, misst een sech och eng Stemm gin!
Mee wou ech ma och na puer Froen stellen, as:

Thema vum leschten Konkuer war: Rosa, waat mei waat besser!!
Wann ech dann awa verschidden Fotoen gesin, do as knapps e Fleck Rosa drop etc....
Sou Fotoen kreien dann awa na genuch Punkten...
Ech wees net leien ech falsch oder wei??!!!

(bon Idee an den Obbau, muss natirlech och dozou beidroen, mee awa verschidden Fotoen, naja!..)



Geschrieben von _MiAmI_ am 12.04.2010 um 12:05:

 

Richteg, fannen jidereen deen mat mecht muss ofstemmen an och sech selwer, nee?!



Geschrieben von deBaemm am 12.04.2010 um 12:08:

 

Miami di fro do kennt emmer rem an emmer rem Augenzwinkern gewielt ass gewielt...

p.s. ech sin och net zefridden also ass meng remark net fiir dech unzepissen mee fiir der ze hellefen dech domat oofzefannen! Augenzwinkern (huet mir och gehollef Zunge raus )

zum Thread, ech fannen et gudd wi et ass! Wann mer eis selwer wielen kennen kennen mer och direkt nemmen 2 stemmen verdeelen!



Geschrieben von Laurent76 am 12.04.2010 um 13:02:

 

Daat heiten leist sech natierlech ennert den Deckmantel vum Egoïsmus verstoppen, mee daat ass net meng Ursaach firwaat ech daat unschwetzen.
An der Politik kann ech mech selwer wielen, ech kann mech an engem Club fir eng Comitésfunktioun selwer wiehlen etc. wann ech mech ob déer Positioun gudd geif gesin.
Wann ech muß 3 Stemmen ofgin muß ech och irgendwou Recht hun fir meng Foto dierfen ennert deenen eischten Drei ze gesin...., firwaat eigentlech net.

Ech geif daat einfach mei richteg fannen....!

Voilà, ech hun menger Meenung elo hei "kund" gedoen an domadder ass fir mech Thema erleedegt. Wann den Chef daat anescht geseit ass et dann och ok fir mech :-D



Geschrieben von Johny am 12.04.2010 um 14:21:

 

Et ass net esou dass de Chef et esou gesäit, mä et geet hei, alt erëm, ëm de Prinzip vum Site. Mir si kee Site wéi Facebook oder Twitter wou alles scho sollt esou si wéi et erwaard gëtt vun de Leit - mir hunn de Site opgebaut mat enger bestëmmtener Idee, an do passt dat absolut net dran dass ee senger eegener Foto kann eng Stëmm ginn. Et ass net wierklech komplizéiert ... smile



Geschrieben von Laurent76 am 12.04.2010 um 15:08:

 

Ech akzepteiren daat..... :-) an verstin och den Senn, och wann et net wirklech komplizeiert ass... ;-)



Geschrieben von m-otiv am 12.04.2010 um 15:51:

 

also ech fannen et ass gudd esou wéi et ass...wann jidereen sech selwer kéint wielen, dann géif en daat och maachen (oder net?)...
Da kann den Johny graad esou gudd nëmmen 2 stëmmen pro user erlaaben an basta :-)



Geschrieben von jeromed am 12.04.2010 um 15:56:

  RE: Ofstemmung beim Konkuer

Et war och am Concours gesoot, dass Rosa NET as dem PS kommen dierft,... och sou Fotoen sin dobai,.... dann missten sech verschidden Leit hei och opreegen,...



Geschrieben von Johny am 12.04.2010 um 15:59:

 

Et mengt ee grad d' Leit géife Saache siche goën iwwert déi se kënne meckeren. Gidd dach emol kreativ an produktiv amplaz just un anere Saachen eppes äus ze setzen...



Geschrieben von jeromed am 12.04.2010 um 16:09:

traurig

Ma ech well guer keen "upissen", ech wollt amfong just soen, dass dei Leit wou net gewonn hun och net onbedengt alles "richteg" gemaach hun,.. soss, naicht
Wollt och keen perseinlech ugraiffen, wollt daat just soen,...



Geschrieben von Jeje am 12.04.2010 um 16:19:

 

Leen mein Pefferkerr dann och mol dobei smile

ech perseinlech hun mer do och schon Froen gestallt op een sech net keint selver wielen mee ennert dem Strech fannen ech gud sou wei et ass well ech denken wann een 3 Stemmen muss verginn dann iwerleet en sech schon mei serieux ween huet se verdinngt wenn huet fleit besser geschafft wei ech selver.........
ops de lo muss wielen wanns de mat mess geif ech net gudd fannen well wann een seng Foto selver am beschten fennt an dei anner een net uspriechen get et schweier Platzen ze verdeelen, sou kann een sech dann och einfach enthalen well fir sech selver verleiert een jo nix vue dass een sech jo net kann wielen......
(wann een wielen geht kann een och e weisen Ziedel offginn)

An weiviel rosa lo besser ass, ass dann och rem schweier ze defineieren, a waat PS ass an waat net ass dann och rem eng lang Diskusioun, haten mer jo och schon alles hei smile

ech denken einfach fir mein Deel mettlerweil, wann en Thema ginn ass kuken ech fir mech waat ech machen kann, waat dei anner machen ass mer egal, souweit ech wess get dat jo schon alles bessen kontroleiert op et ok ass oder net....weisou Zait verschwenden an sech em dei anner kemmeren.....
Ech muss eierlech zouginn ech hat selver bessen em meng Foto gefart well net viel rosa drann ass mee sou wei ech nach am kap hun war et "epes" rosaes op dat dann lo viel ass oder net ass dohinergestallt.
Et kennt immensviel op dei eegen Idee un, waat den Gedanken war. hät och kennen e Pack rosae Pobeier knipsen, mee do sinn ech mer secher dat geif jideereen total langweilech fannen .........



Geschrieben von ludiol am 12.04.2010 um 17:01:

 

Ech fannen et och gudd sou wi et ass, well et soll drem goen, dass jiidereen sech mat den Fotoen vun aaneren auserneen setzt, an ganz éierlech wanns de dann nach deng eegen Foto kanns bewärten, dann ännert daat iwwerhaapt näischt am Resultat. Well da jo jiddereen sech selwer den Maximum get an sech op di 1.Plaatz setzt.

Zum Thema Konkurs Rosa: Do enthaalen ech mech, well ech bei Rosa (Achtung!!! Wuertspill) schwarz gesin, an d'Rollued zougeet an net mi op.

Als relativ neutralen Beobachter muss ech soen, dass der ganz wéineg vun den Fotoen vu grousser Inspiratioun sin, an op PS retouchéiert oder net, dann hun ech nach léiwer eng gudd PS retouchéiert Foto, wéi eng ouni Iddi.

Mee bon daat as meng Meenung, an ech selwer haat jo guer keng Inspiratioun. Sou éierlech sin ech dann och.



Geschrieben von m-otiv am 12.04.2010 um 17:40:

 

mir ass vill rosaes agefall...leider net ouni PS :-)

et wier witzeg eppes rosaes ze maan, waat normaalerweis net rosa ass (zb meng hauskaatz als rosaen Panther ;-)

Also ech gin zou, natur rosa ass mir naicht originelles agefall an dofir abstinéiert



Geschrieben von deBaemm am 12.04.2010 um 17:45:

 

mir och net vito Augenzwinkern ech haat d idee en ee opzeschloen op enger glasplaque an d dueder rosa ze man smile mee ps war jo net erlaabt Augenzwinkern



Geschrieben von patrickr am 12.04.2010 um 18:58:

 

Et schéngt jo erem Zäit ze sin, fier nom Ausgang vum Concours ze meckeren.

Hei méng Fro: wéi get verhennert, dass Leit d'Ofstemmung manipuléieren, andeem se iwwert hieren normalen Account keng Stemm ofgin, well se sech jo selwer nët kenne wielen, mee dat dann iwwert een oder och vläicht méi "Pseudo-Accounte" maachen?

Ech well dat natierlech kengem Fierwerfen, mee technesch gesin wier dat jo awer méiglech, wann ee sech nët grad wéi en Ufänger géif uleen.



Geschrieben von m-otiv am 12.04.2010 um 19:29:

 

tjo dann bleiwt net méi vill iwwereg, 3 optiounen:
1) net mei matt maachen
2) eng Jury (di och wierklech onparteieg ass, wann et esou eppes gët)
3) nëmmen memberen vum Club dierfen ofstëmmen (dei die bezuelen :-) dann freet den Johny sech och op Pseudo-accounten :-D )

Am fong ass et mir ziemleg egaal...sin jo guer net betraff...just fir domm mattzeschwätzen :-)



Geschrieben von Johny am 12.04.2010 um 19:32:

 

@patrickr: Ech kontrolléieren ob an wat wat nei ugemellte User ofstëmmen. Ob mat Psuedo-Account oder net dat gëtt net kontrolléiert, éierlech gesot hun ech méi wichteg Saachen ze dinn wéi sou Kontrollen ze schreiwe fir Leit déi wierklech mengen se hätten esou eppes néideg smile

Technesch ass ganz vill méiglech ... dat heescht net dass et Sënn ergëtt et ze maachen respektiv Zäit dofir opzewenden.



Geschrieben von patrickr am 12.04.2010 um 19:47:

 

Zitat:
Original von Johny
@patrickr: Ech kontrolléieren ob an wat wat nei ugemellte User ofstëmmen. Ob mat Psuedo-Account oder net dat gëtt net kontrolléiert, éierlech gesot hun ech méi wichteg Saachen ze dinn wéi sou Kontrollen ze schreiwe fir Leit déi wierklech mengen se hätten esou eppes néideg smile

Technesch ass ganz vill méiglech ... dat heescht net dass et Sënn ergëtt et ze maachen respektiv Zäit dofir opzewenden.


Ech stëmmen dier zu 100% zou. An du schaffs schons vill ze vill Augenzwinkern .


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH