Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Froen zu Photogen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=19)
--- Concours (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1512)


Geschrieben von Johny am 24.11.2010 um 15:45:

 

Huel dat folgend net perséinlech xaph smile

Et ass einfach fir blann ze soen "Wann driwwer diskutéiert gëtt, dann schaf et dach of".

D' Ziel vun de Concours'en ass NET fir e Gewënner ze bestëmmen dee sech dann fir dee gréissten hält, d' Ziel ass et fir en Thema ze ginn wou d' Leit sech DANN Gedanke maachen, dann eppes ëmsetzen an dann soll dee belount ginn deen d' Aufgab am beschten ëmgesat huet. Dat ass komplett fir den A*sch wann mer déi Regel géifen eraus huelen smile Dat ass och net just eng "Spitzfindegkeet" mee den Haaptprinzip vum concours'en, an dovu mol ofgesinn och passend zum Prinzip vum ganze Site.

An dofir denken ech ass et verständlech dass déi Regel fir eis standard PG Concours'en nie wärt ofgeschaf ginn, respektiv wann, dann réischt wann ech an dat aktuellt Team net méi derbäi sinn Zunge raus



Geschrieben von BerBe am 24.11.2010 um 15:52:

 

Ok, mee ech sinn der Meenung dat een esou ierlech soll sinn, an sech un d'Regelen haalen, dass et keen Problem ass eng exif. Datei ze äneren, ass io keen Geheimniss, mee wat hud een dervun?
Ech fannen dei Regel un sech net schlecht, well esou ass et fir jidweren selwegt. Well fann dei Regel net do wir dat hätten mer eng Discusion doriwwer op et fair ass dat een eng Foto vun virun50 Joer eropluedt, an domaden dei mei Jonk benodeilegt.



Geschrieben von BlackPanther am 24.11.2010 um 15:55:

 

(merci Johny) smile

et sin nik fill Reeglen, an keng dei schwéier ze erfellen sin, mee ouni déi, giff et keen Senn mei maachen... Augenzwinkern
den Concours as geduercht dLait zum NODENKEN ze brengen, an kreativt Schaffen ze fuerderen.
Ausserdem mecht dBelounung nemmen dann Senn wann och een minimalen Opwand hannendrun steet.


daat mat den Regelen, separat zur Uploadfenster, misst awer machbar sin - op dofir och méi Lait se liesen as awer eng aner Sach Zunge raus



Geschrieben von xaph32 am 24.11.2010 um 16:48:

 

na ja, dat mam ofschafen war nët eescht gemengt, mir liicht déi regel souwisou an, me et get ëmmer rëm driwwer diskutéiert a platz sëch op d'fotoen ze konzentréieren, ech wier tatsächlech frou wann déi energie déi fir ze diskutéiren dropgeet an d'biller géif fléissen.

my 5 cent



Geschrieben von Johny am 24.11.2010 um 17:07:

 

smile



Geschrieben von Laurent76 am 24.11.2010 um 20:55:

 

Ech soen daat elo definitif mat engem Grinsen am Gesiicht an ech hoffen daß daat elo net falsch verstaan get, mee et sin emmer dei Leit dei sech iwwert eng laafend Diskussiounen obregen an fannen daß dei Energie besser obbruecht wär mat Fotoen maachen dei awer am Meeschten zur Diskussioun mat baidroen ;-))))

All Foto huet eng Exif an Regelen sin och kloer, esou weit ech wees steet och an den Regelen daß een am Fall der Fälle eng Exif muß vierweisen kennen....!

Den Rescht ass gesot, Geranien an T-Shirten am November...., dofir als Geck eng kleng Tabelle vun der Temperatur, esou ob asta.etat.lu nozekucken...
(An elo fréen ech mech schon ob Reaktiounen, ha, Vorfreude ist die schönste Freude :-))) )



Geschrieben von patrickr am 24.11.2010 um 21:25:

 

All Foto huet eng Exif

Stëmmt nët.



Geschrieben von Jeje am 24.11.2010 um 22:24:

 

mus dann och mein Pefferker beileen smile

Also wann ech sou krass geif "fudelen" ech soen lo krass mee ech mengen oder ech fannen et ass ze opfälleg dann geif ech mech schon schummen matzemachen unglücklich

Ech hun nach e Pur Deeg Zait an iwerleen mer lo gud ween wei eng Platz verdingt huet .... an wann een dat serieux mecht dann get et souweisou keng Diskusioun mei smile

ech hun och mat gemat an ech wess fir mech dass ech mech dobei gud ameseiert hunn an keen op d "Aa" wollt drecken smile sech lo Opreegen brengt souweisou nix smile



Geschrieben von Laurent76 am 24.11.2010 um 23:00:

 

@patrickr

ok, woßt ech net, ausser..., jo du hues Recht, dei analoge oder?



Geschrieben von JADE am 24.11.2010 um 23:33:

 

@ jeje: daat muss zwar nët onbedéngt den Fall sin, dass een fuddelen wollt,
ech gleewen wierklech, dass ët effektiv méiglech ass, dass een déi Timingklausel iwersin huet
(well ech och esou sin, kann ech mir daat gutt virstellen Augen rollen ... )
ët ass elo relativ schwéier daat eent oder daat aanert ze beweisen ... ausser ët sin Persounen déi reegelméisseg mattmachen, dann missten sie ët jo schon méi lang wëssen, mee bon war ët dann awer wëllentlech "fuddelen"? hmmmm ... nët onbedéngt
mee bon, daat gëtt erëm eng lang Diskussioun Augenzwinkern

Fazit wier, wëllentlech gefuddelt oder nët opgepasst, déi Fotoen dierften am Prinzip nët an denTop3 gewielt gin (fannen ech emol smile ) daat war dann eben Pech



Geschrieben von Johny am 24.11.2010 um 23:45:

 

@Laurent76: Photoshop -> Save for web -> keng Exifdaten méi an der Foto.



Geschrieben von Kleent am 24.11.2010 um 23:56:

 

Zitat:
Original von Jeje
Also wann ech sou krass geif "fudelen" ech soen lo krass mee ech mengen oder ech fannen et ass ze opfälleg dann geif ech mech schon schummen matzemachen unglücklich


Et ass traureg, mee et ginn leider vill Leit déi daat net "wessen" well si d'Konditiounen mol net liesen. Mir hunn schon dacks Fotoën geläscht an emmer koum als Reckmeldung "Oh, deed mir leed, daat wousst ech net." Kann och vläicht eng Ausried sinn, well si et awer wollten probéieren mam Hannergedanken "Boff, déi kontrolléieren daat dach souwisou net"... mee bon.



Geschrieben von Jeje am 25.11.2010 um 00:24:

 

Dofir hunn ech jo "..." gemat well ech dat jo lo net wollt steif a fest behapten... kann jo sinn jo.... mee dann soen ech mer och selver schold wann een dei 3 Zeilen mol net liest .....
Fir mech ass dei Foto net gülteg an dat wert ech och bei mengen Platzen wielen berücksichtegen Augenzwinkern



Geschrieben von xaph32 am 25.11.2010 um 11:12:

 

Zitat:
Original von Laurent76
Ech soen daat elo definitif mat engem Grinsen am Gesiicht an ech hoffen daß daat elo net falsch verstaan get, mee et sin emmer dei Leit dei sech iwwert eng laafend Diskussiounen obregen an fannen daß dei Energie besser obbruecht wär mat Fotoen maachen dei awer am Meeschten zur Diskussioun mat baidroen ;-))))


wéi eng leit an du misst eis och soen wat déi leit béises maan...

fir de recht, ouni dass ech lo falsch hei verstaanen gin, maach eng gutt foto wou's de all déi theorie déi's de der ugelies hues (an déi's de denen aaneren ëmmer rëm proposéiers) och mol eng kéier selwer benotz, dann gewënns de concours a brauchs dëch nët iwwer schnéi oder geranien opzeregen oder dëch als moralapostel opzespillen cool

bescht gréiss (an iwregens och matt engem fetten grinsen am gesiit)



Geschrieben von ludiol am 25.11.2010 um 12:07:

 

Zitat:
Original von xaph32
Zitat:
Original von Laurent76
Ech soen daat elo definitif mat engem Grinsen am Gesiicht an ech hoffen daß daat elo net falsch verstaan get, mee et sin emmer dei Leit dei sech iwwert eng laafend Diskussiounen obregen an fannen daß dei Energie besser obbruecht wär mat Fotoen maachen dei awer am Meeschten zur Diskussioun mat baidroen ;-))))


wéi eng leit an du misst eis och soen wat déi leit béises maan...

fir de recht, ouni dass ech lo falsch hei verstaanen gin, maach eng gutt foto wou's de all déi theorie déi's de der ugelies hues (an déi's de denen aaneren ëmmer rëm proposéiers) och mol eng kéier selwer benotz, dann gewënns de concours a brauchs dëch nët iwwer schnéi oder geranien opzeregen oder dëch als moralapostel opzespillen cool

bescht gréiss (an iwregens och matt engem fetten grinsen am gesiit)



MUahahahahhahahahahaha Zunge raus



Geschrieben von Gaga am 25.11.2010 um 15:42:

 

Zitat:
Original von jotes
Ech hat mech net am Detail fir d'Matmaachen am Concours interesséiert.
Wann ech elo ofstëmmen well, da gesinn ech net, wat d'Conditiounen waren/sinn fir de Concours, ausser den Titel.

Ass et méiglech d'Conditiounen och ob d'Säit fir d'Ofstëmmung ze setzen?

Edit: Och z.B. beim 3K Concours (3 Konditiounen). Bei der Ofstëmmung waren déi 3 Conditiounen net méi ze gesinn. Do kann een da schlecht eng Stëmm ginn (fannen ech emol)



Ech wollt och den Jony schon froen ob et net meiglech as t'Regelen, oder eichter t'Angaben fier t'Konkurer nach mei speit ze gesin, well dei aal Konkurer sin jo nach online mam ranking, wann een awer net genau wees waat den thema wor, as dat e bessen "relativ" ... wier schon interessant .

Augenzwinkern

an boefff ... ob dei foto elo gemach gin as oder net ... wann se an den thema passt ! mein gott !



Geschrieben von Johny am 25.11.2010 um 16:06:

 

D' Beschreiwung vum Concours mat unzeweisen sollt och nach kommen, mä d' Regelen gehéieren eigentlech do net derzou. Wisou soll een och schonn beim Ofstëmmen uweise loossen dass een onbedéngt d' Foto muss selwer gemaach hunn asw ...? Dat ergëtt net wierklech Sënn.



Geschrieben von Gaga am 25.11.2010 um 16:44:

 

Zitat:
Original von Johny
D' Beschreiwung vum Concours mat unzeweisen sollt och nach kommen, mä d' Regelen gehéieren eigentlech do net derzou. Wisou soll een och schonn beim Ofstëmmen uweise loossen dass een onbedéngt d' Foto muss selwer gemaach hunn asw ...? Dat ergëtt net wierklech Sënn.


Daat jo, ech mengen t'Emschreiwung waat soll gemach gin ... wann een elo dei aal Konkuren an der Galerie kuckt, wees een jo net em waat et gaangen as ..

as cool wann et kennt ... et as jo lo wanter, an du hues laang owender firun dier Johny Augenzwinkern



Geschrieben von Laurent76 am 25.11.2010 um 17:09:

 

@xaph32
daat ass genau daat waat ech mengen, elo muss ech mir nees hei Saachen unheieren obschon et guer net em mech geet. Ech hun just ob een bestehend Reglement hingewissen, entweder get sech drun gehaalen oder mir schaafen et of. Nix ze Moralappostelen.

An ech wees dass ech mei vun Fotoen an der Théorie wees wei ech an der Praxis kann emsetzen, domadder hun ech keen Problem, an mengem Liewen steet ennert Foto net Prioriteit!
Ech wees och dass dei meescht Leit hei ob PG besser Fotoen maachen wei ech, domadder hun ech keen Problem!
Mee bon, waat huet daat mat déer heiter Discussioun ze din...., naischt!



Geschrieben von Laurent76 am 25.11.2010 um 17:12:

 

@xaph32
an iehr ech et vergiessen ze wiederhuelen, ech hun beim Concours net mat gemaat.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH