Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- TopVision (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1072)


Geschrieben von LaaChkiChelChen am 18.07.2008 um 20:15:

 

dann froen ech mol no bei menger boom op sie eppes an der boite fonnt huet Augenzwinkern merci



Geschrieben von arwa am 19.07.2008 um 09:08:

 

Zitat:
Original von Mojoo
Den (online) Topvisionshop huet, souwäit ech wees, näicht mat den Topvisiongeschäfter ze din dei hei am Land sin/waren.


Daat stëmmt nët, sie hun, bzw. haat e schon domadder ze dinn.
ëch hun e puer Artikelen bei hinnen online bestallt, hun dann ëmmer ugekreizt, dës Artikelen an der Belle Et.... an hierem Geschäft ofzehuelen an déen Moment och ze bezuelen an daat huet ëmmer geklappt !
Am Geschäft waren d'Saachen souvill mei deier an éemol huet souguer en Här schweier reklameiert,wëll mein Blëtz ronn 45 Euro mei bëlleg war, wei déen sëlweschten, déen hien déen Moment am Geschäft kaaft huet smile

ëch geif , wei schon beschriwwen , den Konsumenteschutz - direkt - aschalten !!



Dat heite huet lo neicht mat Topvision ze dinn, mais mat online-kaafen.
Ech vir mein Déel, an nach eng Parti Kollegen, bestellen an den USA, zB. bei B&H , oder Adorama, vir lo keng Reklamm hei ze maachen !
Hu mir virgeschter Owend en Objektiv bestallt a wann do geschriwwe stéet, ët wier op Lager, dann as ët daat och !!!
Wann DHL haut geif - schaffen, dann wier ët haut nach bei mir heihéem, et as nämlech , laut - tracking... dengens - ënnerwée vu Köln op Lux. !
Dobei hun ëch och nach mind. 250 - 300.- Euro gespuert fröhlich , daat awer jhust, weinst dem Kurs vum Dollar !



Geschrieben von spako am 19.07.2008 um 09:33:

 

ech sin scho laang am gaangen hin an hir ze iwwerlee fir mer een neien fotoapparat ze kaafen, an onverstaenneg wei ech sin weilt ech mer naweel eng 5 D oder eben dee neie Model dovunner zouleen (wann deen dann am September entlesch sollt kommen)
wei ass et da mat den Taxen wann een eppes aus den US komme leist? ech hu bis elo nach nie eppes dropbezuelt wann ech mer dvden aus den US komme geloos hun, sou ee Fotoapparat ass jo do aawer schon rem ee steckche mei deier...



Geschrieben von arwa am 19.07.2008 um 09:57:

 

1. en Fotoapparat geif ëch mir nie an den USA kaafen, as preislëch etc... nët sou intressant, nëmmen Objektiver a waat dozou geheiert !!

weinst den Taxen,

als Beispill:

en EF 16-35 2.8L II virgeschter bei B&H = 1.400.- Dollar (incl. Transport)
rechen daat, den Moment sou ëm
1.400 / 1,55 (hängt vum Dollarkurs of) = 903.- Euro
dei bezuelst du bei hinnen direkt mat VISA (aanescht géet ët mengen ëch nët)
dann rechens du narmol sou ëm; 903 x 1.23 = 1.110.- Euro
dh. wann DHL liwwert, bezills du dem Chauffeur dei ronn 210 Euro !
daat sinn Lëtzebuerger Taxen + daat, wat den Liwwerant fir den dédouanement asw...fréet
a gudd as. dh. alles offiziell verzollt asw. en plus international Garantie, also, vun dohier.


a propos 5D

dei kanns du den Moment ganz gënschteg entweder nei awer och gebraucht kaafen.

souweit ëch heieren hun (all Mënsch heiert den Moment awer diesbezüglech äppes aanescht großes Grinsen ) wann eng nei 5D rauskënnt, dann as dei e gudde Krack mei deier !!!!

ëch si scho frouh, wann ëch meng - aal - 5D beherrschen großes Grinsen



Geschrieben von spako am 19.07.2008 um 10:53:

 

jo ech hun och schon vill Saachen "heieren" an ech wees net waat ech machen soll.. de Shantideva huet och eng 5D an hie kritt lo scho keng ersatzdeeler mei fir drop, waat ech net sou immens fannen.. natierlech ass d'5D am moment ennert 200'euro ze kreien do kann dei nei op kee Fall mathaalen, aanerersaits herno hun ech mer d'5D kaaf an dann kennt dei nei eraus, selwescht praisklass a besser...da baissen ech mech an den Henner ;-)



Geschrieben von arwa am 19.07.2008 um 11:22:

 

Zitat:
Original von spako
jo ech hun och schon vill Saachen "heieren" an ech wees net waat ech machen soll.. de Shantideva huet och eng 5D an hie kritt lo scho keng ersatzdeeler mei fir drop, waat ech net sou immens fannen.. natierlech ass d'5D am moment ennert 200'euro ze kreien do kann dei nei op kee Fall mathaalen, aanerersaits herno hun ech mer d'5D kaaf an dann kennt dei nei eraus, selwescht praisklass a besser...da baissen ech mech an den Henner ;-)



keng - Ersatzdéeler - mei, a wei wier daat da meiglech,
eng Kamera, dei nach ëmmer produzeiert an och verkaaft gët, pas possible !!
do weist ëch awer gären, bei wei engem Händler hien sou eng Äntwert krut ??

gudd erhalen 5D'ën gin de Moment ëm dei 1.300.- gehandelt !! ëch iwwerléeën, mir nach eng 2.te ze kaafen.

Wat den Nofolger betrëfft, da scheiden sich die Geister, wat do alles soll/muss aanescht sinn, daat éenzegt, wat mir u menger féhlt, daat sin 2 Fotoën mei an der Sekonn,(fir Sportfotoën) an den Autofokus ë besselchen geännert, daat as awer och schon alles !!
d'5D as a bleiwt eng SuperKamera, daat séet all - eierlechen- Mënsch dir, déen eng huet !!
den Nofolger wärt ëm dei 2.700.- Euro kaschten, wärs dë mol gesinn !!

an - ëmmer op daat bescht/neist zë waarden, daat kann an d'Aë goën.
Ech kennen éen, déen waart schon iwwer 30 Joer op dei - richteg Fra - an as nach ëmmer célibataire an wärt daat och bleiwen großes Grinsen großes Grinsen



Geschrieben von spako am 19.07.2008 um 12:58:

 

Also ech sin hin an hiergerass an ech wees net waat ech maache soll.. et schwetzt jo och fir sech dat een seelen eng 5D als Occasioun ugebueden kritt (ech schwetzen net vun ebay well do well ech keng kaafen) ech denken dat dei meescht dermat zefridde sin... ech si mer och bewosst dat wann ech eng 5D hun ech scho mei wei gudd bedingt waert sin, et ass schliesslesch "nemmen" een Hobby an daat ass mat ee Grond fierwaat ech sou laang iwwerleen.. ech well net iwwert d'Ziil erausscheissen... ech denken fir dei Zort Fotoe wou ech (am Moment) maachen sin ech mat der 5Dmei wei gudd ausgeruesst ... Merci op alle Fall och fir dee Link deens de mer gescheckt hues! :-)



Geschrieben von arwa am 19.07.2008 um 13:13:

 

Zitat:
Original von spako
Also ech sin hin an hiergerass an ech wees net waat ech maache soll.. et schwetzt jo och fir sech dat een seelen eng 5D als Occasioun ugebueden kritt (ech schwetzen net vun ebay well do well ech keng kaafen) ech denken dat dei meescht dermat zefridde sin... ech si mer och bewosst dat wann ech eng 5D hun ech scho mei wei gudd bedingt waert sin, et ass schliesslesch "nemmen" een Hobby an daat ass mat ee Grond fierwaat ech sou laang iwwerleen.. ech well net iwwert d'Ziil erausscheissen... ech denken fir dei Zort Fotoe wou ech (am Moment) maachen sin ech mat der 5Dmei wei gudd ausgeruesst ... Merci op alle Fall och fir dee Link deens de mer gescheckt hues! :-)


hun der geschter nach zwou an engem aaneren Forum gesinn, knapp 1 Joer aal, ëm dei 1.300.- , sie waren - direkt fort !!!
böse



Geschrieben von Shantideva am 19.07.2008 um 15:52:

 

Et ass am Moment ganz schwéier fir verschidden Sachen ze kréien. Ech hun een Rass an mengem Batteriegreff an do wollt ech mir een neien kaafen awer ech hun gesoot kritt dass déi am Moment net liwerbar wieren, wéi ganz vill aaner Sachen och fir d'5D. Anscheinend soll daat eppes mam Nofolger vun der 5D ze din hun. Et ass och net schlemm well ech mat dem klengen Rass och liewen kann.
Ech gief awer vieleicht elo keng 5D kaafen an léiwer warden bis am September. Et ass jo och sou dass du (Spako) dein 10-20 mm net do drop machen kanns. Deen ass fir Crop Sensor. Also brauchs du nach een Weitwenkel. Spuer léiwer déi Suen déis du elo fir eng 5D giefs ausgin fir een gudd Weitwenkel Objectif fir Vollformat. D'5D ass zwar nach emmer eng Wahnsinnscamera, awer et ass jo och net méi weit bis September, an du mess jo souwiesou wonnerbar Fotoen, och mat der 350D. ;-) Vieleicht ass dann den Nofolger do, an wann net, dann kanns du dir nach emmer eng 5D kaafen...



Geschrieben von arwa am 19.07.2008 um 23:27:

 

also, ën Weitwënkel fir - Vollformat - , wann ëch richteg verstinn ?!



Geschrieben von Shantideva am 20.07.2008 um 08:04:

 

Daat war vieleicht elo net glecklech ausgedreckt... großes Grinsen Hat kann jo awer den 10-20 net op engem Vollformat benotzen. Deen ass just fir Crop an dann kriss du just een kreesronnen Ausschnett bei Vollformat op d'Bild. Den 16-35 ass jo eigentlech och just een richtegen extremen Weitwenkel um - Vollformat -. Bei engem Crop-Sensor ass daat jo just nach sou knaps een Weitwenkel. Ech hun eng 5D an eng 350D an hun do och missten 2 verschidden Objektiver kaafen (Canon EF 16-35 L fir 5D an Sigma 10-20 EX fir 350D) fir extremen Weitwenkel op denen 2 ze hun. Mee, egal wéi muss hat sech jo dann een Weitwenkelobjektiv kaafen deen och fir Vollformatsensor geduecht ass. :-/ An ech wees d'Spako kann net ouni extremen Weitwenkel sin, sou gudd kennen ech hat awer... ;-)



Geschrieben von arwa am 20.07.2008 um 08:53:

 

ëch hat daat schon verstaanen Augenzwinkern

du hues recht, wann hat sëch nët sëcher as, soll ët op den Nofolger waarden an , wei's du scho gesoot hues, an - gudd Optiken - investeieren !!
(zB. en 16-35 II ) wat hernoter och nach op FF passt !

mais , loosse mer rëm zum eigentlëchen Thema zreckkommen, an zawar - Topvision -,
ëch fir mein Déel si gespaant, wei daat ausgéet !



Geschrieben von Focus am 26.07.2008 um 08:51:

  RE: TopVision

Hey Spako. Färten das déi Suen kans vergiessen. Wann déi Saach bei Kurateur leit dan kréit vertéischt mol den Papa Staat seng Suen, Employéen an eventuel Fourniseuren an Clieen. Ech hun héieren vun onmoossesch gewaltesch Scholt, Banken hun den Krunn zou gemach.

Virun 20 Joer hun ech am Starfoto Belle Etoile) geschaft. Den deemolegen Ad huet richteg Goss gemach mat den Geschäfter, an besonnesch daat an der BE.

Géif der roden eng Plainte ze machen fir Bedruch.



Geschrieben von spako am 26.07.2008 um 09:14:

  RE: TopVision

Tjo ech hun alt emmer super chance :-/
ech hun elo mol bei d'Cetrel ugeruff fir meng Suen iwwert dee Wee eremzekreien aawer daat ass och elo schon bessi laang hier dat ech bestallt haat...

Also wann een an de Fall kennt wei ech; eppes bestallt waat sofort lieferbar war et dann aawer net ass an et well ee net waarden: op d'Cetrel uruffen dann huelen dei d'Suen zreck.. net wei ech 6 Meint waarden :-)

Et kann ee nach emmer hoffen, vlait klappt et jo awer...



Geschrieben von CHAREL am 26.07.2008 um 12:46:

  RE: TopVision

hei hun elo net alles duerchtgelies me hun och en problem mat topvision an mat suen remkreien.
ech hat mer do fierun 2 meint en 40d boitier bestallt, et stoung derbei längere lieferzeit.
no engem mount hun ech hinen dun mol eng e-mail gescheckt wei et dan elo dermadder wier, doropshin krut ech geentwert se giffen deen artikel guernetmei liwerenech solt meng bestellung storneieren wat ech dun och gemach hun. dorobber kruut ech dun awer och keng entwert dun hun ech namol eng mail gescheckt wei et dan elo as an ech weilt meng suen rem, do krut ech geentwert se gifn dat kucken elo fierun enger woch also bal 2 meint no der bestellung an 1 mount no der storneierung hun ech dan nachmol eng mail gescheckt ech het gehrn meng suen rem an krut alt rem nemen geentwert se giffen daat un buchhaltung weidergin, , iwert telefon as wei spako schon soht keen ze errechen.
an emmerhin sin daat ganzt awer 900 euro dei elo 2 meint net op mengem kono warn also dei zensen hun ech och schon dorobber verluer, dat ass zwa jo elo net d'welt me awer.

kinnt een mer do weiderhellefen wat ech kan maachen?



Geschrieben von yoshi am 26.07.2008 um 13:42:

 

schreiw eng email wous de daat ganzt na eng keier erklärs wei hei, an dann schreiws de dobai dass se sollen seier maan oder du gengs dain affenkot (oder wei een daat schreiwt ^^) aschalten.



Geschrieben von CHAREL am 26.07.2008 um 14:24:

 

jo dat hat ech och mol fier ze maan schreiwen daaat dan, das se an enger woch dei soln iwerweisen oder sou, merci



Geschrieben von mmphotos am 26.07.2008 um 14:24:

 

Ech mengen effektiv dass do eng liicht dohung bessen mei helleft.



Geschrieben von spako am 26.07.2008 um 16:13:

 

Da meng alt!
wann ech daat sou liesen dann denken ech eischter datt sie vlait wiirklech an der faillitte haenken an dann sin hinnen Drohungen bestemmt egal.. ech hun schon all variant vun email probeiert vun leif bis mat rechtlesche Schretter gedroht, aawer bis elo hun ech nach keng Sue gesin...fir main Deel hun ech mech schon viersischtshalber domat offonnt dat meng Sue fort sin, ech bleiwen zwar um Ball aawer aus alle Wollecke waert ech net faale wann ech do meng Plommen haenke loossen...

@Charel: wei bei mir fannen ech et komesch dat sie aktuell Modeller net mei liwweren... sou wait ech wees ass jo aawer keen nofolger vun der 40D ennerwee an main manfrotto 190X Prob ass och nach relativ aktuell als Modell an iwwerall ouni Probleem ze kreien... ech geif schnell an denger Plaaz op d'Cetrell uruffen falls de mat Visa bezuelt hues, vlait kennen dei der jo nach d'Suen zreckfesche goen!



Geschrieben von CHAREL am 27.07.2008 um 09:58:

 

jo okay ech wenden mech dan mol un cetrel , hofn ma mol das daat eps gett


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH