Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Ausstellungen (och vun Photogen Memberen) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1841)
Geschrieben von dr_kim_veis am 02.05.2011 um 20:15:
wow! congrats dude!
Geschrieben von Mika am 02.05.2011 um 20:53:
Du hues vill gudd Fotoen, mee daat do wäer nach emmer meng léiwst vun allen...daat do gesäit einfach nemmen genial aus! Ech hoffen ech kommen an näechster Zukunft mol engkéier do laanscht
Geschrieben von ZerberuZ am 02.05.2011 um 21:13:
gratulatioun !!
mengen gin mer dei an d'concorde emol ukucken
Geschrieben von Michelle am 06.05.2011 um 17:13:
RE: Pinacotheca
woah wierklech flott, wéi bas d dodrun komm fier do auszestellen? bas d gefrot gin oder hues du iwou gefrot? thema waasser... do hät ech och deck gär beigedroen (sin zwar amateur mee bon :p) waasser as besi mäin element gin
Geschrieben von Johny am 06.05.2011 um 17:42:
D' City Concorde hat Fotoclib ugeschriwwen iwwert d' FLPA fir Fotoen eran ze schécken, d.h. mir hun e puer eenzel gutt Fotoen mussen eraus sichen vun engem Clubmember. Wou bis eng Foto eraus gesicht war hu se gefrot ob se nach e puer Fotoen zum selwechten Thema kéinte kréien, obwuel virdru keen Thema virgeschriwwe war.
Fir esou Selektiounen kommen natierlech nëmmen Membere vum Club a Fro
Geschrieben von MarcGerard am 08.05.2011 um 17:29:
KLICK (facebook)
de klex, an ech stellen zu diddeléng zesumme mat 3 anere kënschtler/innen du diddeléng aus!
Time
Saturday, May 14 at 7:30pm - May 21 at 6:00pm
Location
25, rue du commerce L-3450 DUDELANGE (Ancien magasin Photo JUNG)
Created By
JS Dudelange
More Info
PREVIEW ABOUTH YOUTH as eng Initiative vun den JONKEN SOZIALISTEN vun DIDDELENG an Ziel dovun as jonken Kënschtler eng Plattform unzebidden hier Ausdrocksform dem grand Publique ze weisen.
Mir als JS Diddeleng sinn da Meenung dass do nach net genuch gemaach gëtt fir dei Jonk!
Vernissage ass den 14 Mäi 2011 um 19h30 an wann dir Interessi hutt un jonken Kënschtler gesinn Mir eis bestëmmt do.
ARTISTS:
Mandy Barthels
Thierry Harpes
Marc Gerard
Isabelle Bolliri
Lex Kleren
Ëffnungszäiten:
Dënschdes 16-19h
Donneschdes 16-19h
Samschtes 16-19h
Sonndes 15-18h
Geschrieben von ChLo am 10.05.2011 um 15:07:
Expo ChLo zu Betebuerg
Heimat invitéiere ech Iérch op meng Ausstellung mat Wildlife Photo aus dem Kenya
Acte de vernissage: lundi, le 27 juin de 17:30hrs à 20:00hrs
L'exposition est ouverte du 27 juin jusqu'au 24 juillet 2011 inclus de 11:00 Ã 17:00hrs
au Parc Merveilleux Bettembourg, route de Mondorf L-3260 Bettembourg
Pour la durée du vernissage, l'entrée au Parc est gratuite
www.chlo.lu
Geschrieben von Jean-Jos am 11.05.2011 um 21:22:
Expo ChLo zu Betebuerg
Cool, an eng méi passend Plaaz konnt's de nët heiheem fannen fir déi Ausstellung.
Ech hoffen Zäit ze fannen, hu mer et emol an den Agenda agedroen.
Bescht Gréiss, Jean-Paul
Geschrieben von Zersch am 12.05.2011 um 08:46:
RE: Expo ChLo zu Betebuerg
Ganz interessant ! Machen mäin Bescht (zäitlech , sin deen Daag leider bis ca 18.15 am Eisléck) awer düsen dann séier eroof an kommen selbstverständlech gären kucken
MBG
Zersch
Geschrieben von JADE am 28.05.2011 um 19:08:
"face à face" an "BeschBummler"
"face à face"
Foto an Video Austellung vun an matt Patienten aus dem Rehazentrum
am Rehazentrum bis den 30. Juni
"BeschBummler"
Fotoaustellung an der Abtei Neumunster:
Es gibt die umtriebigen Weltenbummler . die fleißigen Menschenbummler . dazu oder daneben oder mittendrin - das eine schließt das andere nicht aus - gibt's die einsamen Waldbummler, jene Spezies Mensch, die sich in den Tiefen der Wälder rumtreibt ! Manche schleppen dabei dunkle Apparate mit sich rum und versuchen, jeder auf seine Art, das Erlebte, Erlauschte, Gefühlte in Bildern festzuhalten. Serge Koch
Die Ausstellung besteht aus fotographischen Werken von Raymond Clement, Guy Conrardy und Serge Koch.
http://www.ccrn.lu/Culture/Offre-diversifiee/Programmation/Expositions/BeschBummler-Thursday-09-June-2011-6-00-00-pm4
Geschrieben von JADE am 31.05.2011 um 14:41:
Element 5
--> Holz
Raymond Clement - photographie
Marie-Josée Kerschen - sculpture
Wou? --> Espace H2O, rue Rattem, Obercorn
Wéini? --> 16.6.- 3.7.2011, 15°°-19°°
den 20.6. um 20°° : lecture avec accompagnement musical par André Mergen
Geschrieben von Nagarjuna am 05.07.2011 um 11:40:
Konscht am Minett 5
Konscht am Minett 5
Photos, sculptures, tableaux...
vum 09/07 bis 17/07 an der Paul Wurth Hall um Fond-de-Gras.
(Kann ganz flott mam
Blues Express 2011 kombinéiert ginn den 09/07)
Geschrieben von Nagarjuna am 08.07.2011 um 17:39:
RE: Konscht am Minett 5
Ajo... Haut den Owend (08/07) ass um 20 Auer den Vernissage mat musikaleschem Encadrement vun der "Remo Cavallini Band"...
Geschrieben von Miisamm am 08.07.2011 um 23:08:
RE: Konscht am Minett 5
Ach... Lo hun ech dat leider ze speit gesinn :-(
Geschrieben von marker am 11.07.2011 um 13:41:
RE: Konscht am Minett 5
Nice pics, gesait gutt aus an daer Gréisst, do gesait een vill kleng Détailer wou um Ecran ënnergin.
Ass derwärt kucken ze goen
Geschrieben von JADE am 16.07.2011 um 18:41:
"Wild?"
Britta Jaschinski, European Wildlife Photographer of the year 2011
Du 23 juillet au 11 septembre
Hall Paul Wurth
Fond de gras
Tous les jours de 14h00 Ã 19h
www.brittaphotography.com
Geschrieben von Poly am 16.07.2011 um 18:53:
Fond de Gras
dass definitiv derwäert sech fotoen, emol esou richteg unzekucken
Geschrieben von Zampano am 22.09.2011 um 09:39:
Austellung in Dudweiler/Saabrücken
Bilder einer ehemaligen Giesserei in der ehemaligen Giesserei.
Geschrieben von JADE am 27.10.2011 um 08:39:
au fil des araignées
ooooooh mee wéi schéééééééiiiiiiiiiiiiin!!!!!
op esou eng Ausstellung hun ech schon lang gewaart ....
http://araignees.mnhn.fr/
bon, Ok ... sie ass awer anscheinend iiiimens flott opgebaut, an och matt ganz vill Makro'en wéi een der och schon emol hei op PG gesin huet
also wann dir an der Géigend sidd (zB och matt aeren Kanner) zéckt nët
an nee dir braucht mech nët matt ze invitéieren, ech hun dann graad een rdv beim Zänndokter
,
den Klex géing sech awer super drop fréen
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH