Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Happy Birthday Photogen!! (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=391)
Geschrieben von Olivier am 19.09.2006 um 18:12:
Happy Birthday Photogen!!
Mjo.... happy birthday...
Ech sin wierklech frou dat ech desen site hai fonnt hun... ech hun kleng ugefaangen... an sin emmer mei grouss gin... et huet mer emmer ganz vill spaas gemaach fotoen eropzelueden, an duerch kritiken ze leieren... fotografie ass fier mech eng passioun, wou photogen mer helleft dei passioun waider ze erhaalen... Duerch photogen hun ech wiekrlech super flott, sympatesch lait kennengeleiert... wou ech wierklech ganz frou drop sin... photogen, eng photocommunity?? Mee och eng frenn community... do drop sin ech ganz stolz drop hai beiierch en aktiven member ze sin bei photogen... et ass wierklech emmer... (naj... baal... gin halt puer ausnahmen) eng super ambiance... halt... eng frendlech frendschafts-ambiane (krkr...).
Doofier soen ech, dem Yannick, Lydie an halt extra dem Johny en groussen merci fier sou en gailen an grandiosen site... Super adminen, dei emmer frendlech an hellefsbereet sin... an doriwwer hinaus och nach gudd fotografen sin... krkr...
Merci photogen... sniff... op en waiderhin supert joer...
L'Olivier
Geschrieben von Mogway am 19.09.2006 um 18:33:
RE: Happy Birthday Photogen!!
Olli: du brauchs eng Frendin...muahahah
)...ok..scho gut...ech och... mee bis dohinner as PG effektif eng gut Ersatzdroge...
DD
Lo war deen dach wierklech fieru mier do... Grrr.. nujee... Ob alle Fall sees de eppes wou ech total averstaane sin: eng Photcommunity ?? hmm... jo... mee awer bessi mei wei daat...
))) An daat fannen ech och immens....
Vill immens interesant leit hun ech hei kennegeleirt an daat mus e Site mol nomaan... Do kenne Sites dei unsech fier sou bekanntschafte geudecht sin direkt rem apaake well hei as ee weinstens direkt secher datt scho mol e puer secher gemainsam Interessen do sin .....
))
Ech ka mech just uschleissen ....
an da gooo: happy birthday to youuuuuu happy bitzhday tooo youuuuu...blablablablaaa blablablablablblaaaaa.. happy birthday toooo:: iech alleguerten
)))
PS: johny: kanns de mer net awer eng Rubrik fier: desperate single photographers op maan..?? muaahahah..nee komm... as e Witz...
))
Respeeeekt
)) keep it going
))
Geschrieben von Olivier am 19.09.2006 um 18:36:
RE: Happy Birthday Photogen!!
Zitat: |
Original von Mogway
PS: johny: kanns de mer net awer eng Rubrik fier: desperate single photographers op maan..?? muaahahah..nee komm... as e Witz...
)) |
Nööö... fannen dei dii genial... krkr
Geschrieben von Kleent am 19.09.2006 um 19:25:
schon een Joër... schön
Et kann nemmen besser gin... ech freen mech op en wéidert Joër an besonneg op den 18ten Gebuertsdaach
hrhr...
Gleckwonsch Admins, diir maacht daat super!
Geschrieben von annemie am 19.09.2006 um 20:15:
Haut?? *schumm*
Tiptop...ech kreien et emerhin nach viru meternuecht mat krhrhr...
Ech schléissen mech dann mol un mat den Gléckwensch.....happy 1st birthday... an ech soen just "genee sou an NACH MEI esou..." ;-)
jojo...eng fotocommunity...daat klengt su anonym...mee photogen ass super an ass an mengen aen och vill mei wei daat :-)
alles gudds fir de gebuertsdaach meng helden :-)
admins: daer sidd einfach super!!!!!
Geschrieben von ploro am 19.09.2006 um 20:44:
wow kuhl schon 1 joer aal?
hmm gief jo wenschen mee sen lo ze faul hu keng loscht
Geschrieben von Neckel am 19.09.2006 um 20:58:
Eieiei, mir mussen eps man den Moggy ass an Photogen verleift ... grr ...
Well een Joer, jojo sin zwar nach net sou laang derbei, mee laang genuch dass ech kann soen: Dir sid di absoluten feinsten, genialsten, sympatheschtesr, an verrecktst Fotosfreaken dei et gin ...
Ass einfach super, hei um Site, mee och wann een iech trefft, absolut Top ...
Majo kneipen dann bessen beim Olli, an soen iech drien die ihr da Admins seid, een decken Merci "MERCI" fir är Aarbescht an Engagement ... sou lo kreischen ech gleich
))
Kann nemmen soen macht weider sou, an wenschen dem Site nach ganz vill weider Joren...
HaBBy Birthday Photogen
Geschrieben von patty am 19.09.2006 um 21:17:
Happy Birthday Photogen!
lo ges du schon een Joer aal ENDLECCCH,muss all daag souvill memberen erdroen
ass dach schlemm
merci johny, lydie an yoshi fier photogen.lu et ass en super site!
no engem joer sin 752 Memberen daat ass dach eppes
hun daat aanert geschleims vun deenen aaneren nach net gelies mee kann jo just geschleims sin
kann jo lo keen eschten kuch baacken dann steht en heihem dann scheken ech alt eng foto
Geschrieben von CHAREL am 19.09.2006 um 21:27:
Also sin zwar nach net daat ganz joer dobei. mee nodeems waat ech biss elo schon hei alles erlieft an beigeleirt hun werd ech nach puer joer heibleiwen!Ech hoffen den Site hällt sech nach ganz laang
Also zu deem ganzen kann ech just epes soen: ''Besser Mitglied als ohne Glied''
muhaha....ajo an nach bappy birthday photogen
!!!
Geschrieben von Johny am 19.09.2006 um 21:56:
Majo da soen ech emol am Numm vun eiser Community (wou d'user OCH derbäi zielen) villmols merci
An jo, sou séier geet ee Joer em, mee an dem Joer ass vill geschitt, vill Leit hu vill Fotoe gemaach, an vill säugudder
An och ech selwer hun nach ganz vill bäigeléiert.
Ech fir mäin Deel si frou dass eng richteg Gemeinschaft dräus gin ass .. besser kann et am fong net sin ! Et ass tiptop esou (OK ok, puer Funktiounen kommen nach noo ...
)
Lo schreiwen ech awer als éischt emol News zu dem Thema
Geschrieben von Kwitchibo am 20.09.2006 um 00:28:
HAppy B-DAY PHOTOGEN!!an 1 groussen fetten mega Applaus fir eisen Johny an Co!! KLAPKLAPKLAPKLAPKLAP ...LOL
Einfach Super de SITE !!as einfach eng guud SACH!!
MFG
MARC
Geschrieben von Dan am 20.09.2006 um 14:32:
Majo dann wëll ech mech awer och nach uschléissen an dem Photogen e schéinen éischten Gebuertsdag wënschen!
En huet jo an séngem 1. Joer schon eng ganz Partie Sachen erlieft...
Alls Guddes an weider esou!
Geschrieben von -Laurent- am 20.09.2006 um 14:48:
majo em muss jo och hei eppes schreiwen
hmm jo photogen ech wenschen der all dei positiv sachen dei dei aner der schon gewenscht hun naja majo dann ^^
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH