Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Fuji Finepix x10 Erfahrungen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1870)


Geschrieben von nebu am 21.02.2012 um 11:27:

  Fuji Finepix x10 Erfahrungen

Saluti,

Sinn mir am iwwerleeën eng kleng Kompakt Kamera ze kafen wann ech grad net meng SpigelReflex well mathuelen. Am Moment steet Fuji Finepix x10 héich am Kurs awer ech hat leider nach keng Méiglechkeet eng live ze testen. Ass villäicht hei am Forum een deen sou een Apparat hutt an ee bëssen seng Erfahrungen kann bäidroen?

Bis dann



Geschrieben von MarcGerard am 22.02.2012 um 08:47:

 

eng frendin huet sech dee kaf, an ech hun e bessen domat gespilt (mat der fuji!)
ech hun zwar virurdeeler well ech fuji-fan sin, awer ech fannen se nawell wierklech flott ze benotzen. et as net ZEvill schnickschnack drun, an dee wou drun as, kann een och gudd gebrauchen. wat ech leider verpasst hun as e puer fotoen am RAW op mäi computer ze lueden fir ze kucke wat de sensor hiergett. dofir get et jo awer den internet: KLICK MICH! smile



Geschrieben von nebu am 22.02.2012 um 21:05:

 

Ech hunn mir Kamera lo mol einfach kaaft an hann een puer Test Biller gemat... ech mengen och bei dësem Apparat gelt dat den Photograph den schwaachsten Deel ass.. zumindest an mengem Fall.. gefält mir X10 an Se ass jo och Schick smile

Ech posten nach eng Serie ...



Geschrieben von nebu am 23.02.2012 um 18:56:

 

Ech wollt puer Beispill Biller iwwer photogen eroplueden awer dat huet leider net als Serie geklappt... ech mengen ech verstinn awer och firwat. Serie hat an sich mam Fotoapparat ze dunn an war an dem Sënn keng Serie. Ween awer un den éischten Test Biller interesséiert ass kann sech déi Biller hei ukucken.

http://www.smugmug.com/gallery/21601723_p4Pmf8



Geschrieben von Marzomatic am 24.02.2012 um 11:22:

  Fuji X-10

Als eischt mol, flott Fotoen sin daat gin.

Ech hun mer Fuji X-S1 bestallt an warden drop dass se ukennt, dei huet jo den nämlechten Sensor wei X-10 smile Dann sin ech mol gespant



Geschrieben von nebu am 01.03.2012 um 09:10:

  RE: Fuji X-10

An ass se schonn ukommen... wou sinn déi éischt Photoen smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH