GUDD ausgelooss!! ;o)
dMotiv (Meedschen) as baal perfekt am (baal perfekten) Quadrat plazeiert an mir gefellt firunallem dei graff Struktur fum Gitter!
dei vertikal Linnen dei an der Deift am Rauschen verlaafen gefaalen mer gudd (hmm...giff een baal mengn ech geiff dRauschen fum Apparat luewen XD)
eenzescht waat mech bessi steiert as den Mangel un Schärft um Meedschen...
daat ganzt wierkt iergendswei antik mee huet defnitiv sain Charme
Merci fir deng ausféierlech Interpretatioun ... mee sou an net aanescht ass een dat jo vun där gewinnt ... ech appréciéieren dats de méi genee gekuckt hues an du hues d'Schwächten vun der Prise och messerschuarf analyséiert ... an awer mengen ech (sou wéi ech och schon beim maimonides geschriw hun) dat, minimum eng vun den Schwächten hei och d'Stärkt kéint sin ... nee?
CHEERS
MUZ
hmm...messi fir dBlummen ;) (an dobai fannen ech et normal dass en Kommentar struktureiert as etc...;p)
du hues awa Rescht mat der Schwächt dei eng Stärkt as!mengn du weis gudd dass eng super Foto nik emmer aus enger 1DmarkIII muss kommen!!
greetz
oli
Merci Antoine ... du kenns dech besser an denen technechen Saachen aus ... mee ech hun mech beim Postprocessing (ass hei am Fong jhust schneiden an téinen) awer hei bei den Franzousen inspiréiert )
CHEERS
MUZ
Dëst ass eng Foto fir ze lauschteren ("l'oeil qui écoute": gidfereen vun eis ass, als Kand (an heiansdo och elo nach), laanscht e Glänner gaang an huet d'Staange spille geloos. Wann ech di do Foto kucken héieren ech déi Musik.
Och wann se aus dem virischten Jahrhonnert ass, bleiwt dës Foto eng vun deene Besten déi ech op dësem Site gesin hun, an erënnert u CB / WR.
Si geet mir ënner de Pelz. (appréciation émotionnelle)
Ween war de Fotograf ?
Meng Félicitatiounen un dësen, mais awer och un dëch dass du eis se gewisen hues.
Merci, dat éiert mech ongemeng ... an du hues Recht, wéi ech meng Duechter hei gesin hun no virlaafen hun ech gemengt mech ze gesin, mat 8 Joër bei der Brillschoul zu Esch ... Pech oder Chance, ech wees et net, wollt och léiwer méi Schärft um Haaptpersonnage ... mee et sollt net sin ... an awer iergendwéi ass et hei jo och Stilmëttel
Merci fir däin usprochsvollen an emotionell éierlechen Kommentar
CHEERS
MUZ
Eng Flucht an de Linnen, eng Flucht am Kontrast, eng Flucht an der Schaerft, an eng Flucht aus dem Schied. D Meedchen aus genau do wou et mi hell get.......
Merci Neckel ... dat Glänner ass net riit (souwéi näischt riit ass op eiser Welt (an ëmmer manner)) ... mee ech muss awer soen ... dat kéinnt een eventuell (gl)änneren wann dat dech stéiert ... mee bon ... mech stéiert et net esou vill.
Ech mierken awer dats de däin spatzen Bléck net verluer hues ... gudd ... flott dats de der och Zäit geholl hues sou genee ze kucken
CHEERS
MUZ
Di Foto as dach just zeitlos klassesch a gudd, well de Personnage NET ganz scharf as. Dat ënnersträicht dach just d'Flucht no vir an d'Bewegung a Richtung HG. Wier d'Meedche scharf, da wier dat eng Brems, een Unhaltspunkt, dee fir méng Begrëffer méi géing stéieren wi gudd din. Mais dat as alt neess eng perséinléch Appréciatioun, déi muss a soll net jiddereen deelen...
Hun déi hei lo just duerch Zoufall glécklecherweis entdeckt.
Grad doduerch dass hei näischt ganz riicht as, näischt ganz scharf as huet déi Foto do en immensen Charme deen sëcher bei jidferengem irgendeng Erënnerung opkomme léisst.
Schwaarz - Wäiss , quadratesch , nostalgesch ... bal almoudesch ... alles wat mer gefält. Du hues dat sou gutt no verschafft dat ee bal kéint mengen et wär analog.
Wierklech an am Eescht: Merci eis dëst Bild hei ze weisen.