Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Konditiounen an Bedingungen
Dëst Dokument beschreift déi verschidde Konditiounen an Bedingungen vun der Notzung vu Servicer déi vu photogen a.s.b.l. (R.C.S. F 7689) bereet gestalt ginn. Dëst Dokument muss gelies a verstanen ginn virum Benotzen vun all Service dee vu photogen a.s.b.l. bereet gestalt gëtt.
  • 1. Akzeptéieren vun de Konditiounen

    • All Websäiten déi op den Adressen photogen.lu an photoshoot.lu ze erreeche sinn (hei am Dokument bezeechent als d' "Websäiten"), ginn administréiert vun photogen a.s.b.l. (R.C.S. F 7689, hei am Dokument bezeechent als "photogen") an gehéieren och dëser a.s.b.l.. Dës Konditiounen gëllen och fir all aner Websäiten an Adressen op deenen Servicer vu photogen zur Verfügung gestalt ginn.
    • Mam Notze vun eise Websäiten, sief et kucken, liesen oder erstellen vun all Zort vun Inhalt, erkläert de Benotzer, dass hien d'Konditiounen verstanen huet an och domadder averstanen ass. Sollt een mat engem Deel net averstane sinn, dann däerf een eis Websäiten net notzen.
    • Photogen behält sech d'Recht, fir dës Konditiounen an Bedingungen zu all Zäit kënnen ze änneren oder ze ersetzen. Sollten duerch ännerungen eis Benotzer direkt betraff sinn, mussen dës Bescheed gesot kréien duerch eng Noriicht den op der Haaptsäit (www.photogen.lu) ze liesen ass. Ween duerno d'Websäiten nach weider notzt, gëtt domat automatesch säin Accord fir déi nei Konditiounen.
  • 2. Beschreiwung vum Service

    • Photogen bitt de Benotzer d'Haaptsäit www.photogen.lu als Internetplattform un, wou se hier eege Fotoen verëffentleche kënnen, Tutorials erop lueden, Kommentarer schreiwen, Ideeën/Meenungen diskutéieren an austauschen. Weider spezifesch Servicer ginn ugebueden, kënnen zu all Zäit awer geläscht ginn. Zu dëse Servicer gehéieren ënner anerem, ass awer net limitéiert op: Artikelen, Annoncen, Forum, Workshops, Concoursen. D'Haaptzil vun all dëse Servicer ass et den Austausch tëscht kreativen Leit ze förderen.
    • Weider Websäiten an Servicer kënnen och ugebuede ginn, onofhängeg vun der Haaptsäit www.photogen.lu. All vun dëse Websäiten/Servicer vu photogen kann seng eegen Konditiounen hunn, déi dës Konditiounen an dem Fall erweideren an konkretiséieren.
    • Den Accès op d'Websäiten kann ënnerbrach ginn duerch Maintenance, technesch Problemer vun Hard oder Software oder all anere Grond dee vu photogen als néideg gesi gëtt. Photogen behält sech d'Recht d'Websäiten offline ze huelen oder all Zort vun Inhalt ze läschen ouni dëst virdrun mussen ze annoncéieren. Ausserdeem limitéiert photogen d'Benotzen vu verschiddene Servicer wéi z.B. d'Unzuel vu Fotoen déi kënnen erop geluede ginn. Och kënnen heivunner weider Beräicher betraff ginn, wann photogen dëst fir néideg hält. D'Websäiten sollen net als Fotospäicher gëllen oder Online-galerie fir an enger zouener Grupp vu Leit gewisen ze ginn, mä all Inhalt ass zu all Zäit vu jidderengem erreechbar.
  • 3. Registratioun als Benotzer

    • Fir d'Websäiten aktiv ze benotzen, muss ee sech umellen. Hei gëtt een en Benotzernumm un (dëst muss net fir all Websäit de Fall sinn), e Passwuert, eng E-Mail Adress a säin Numm. De Benotzer verpflicht sech hei richteg Donnéeën unzeginn, déi en och muss upassen wann ännerungen sollten virleien. Ass dëst net de Fall, dann stellt dat en Briechen vun dëse Konditiounen duer an photogen huet d'Recht dësem Benotzer säin Compte direkt ze läschen. Et ass Ausserdeem verbueden zwee ugemellten Compten zur gläicher Zäit ze notzen, sollt dëst awer de Fall sinn sou behält photogen sech d'Recht dës Compten ze läschen.
    • Et ass verbueden sech als eng aner Persoun auszeginn ouni déi erfuerderlech Autorisatiounen, genee wéi et verbueden ass obszön Benotzernimm ze wielen.
    • D'Passwuert vun engem registréierte Benotzer muss vun him selwer gewielt an administréiert ginn, och d'Responsabilitéit dofir huet hien alleng. Alles wat mat dësem Compte gemaach gëtt, fällt op d'Responsabilitéit vum Benotzer zréck, d.h. hien muss op säi Passwuert oppassen an et esou wielen dass et schwéier kann vun engem weideren errode ginn. D'Passwuert gëtt verschlësselt gespäichert esou dass, esouguer am Fall vun engem Sécherheetslach, dëst net kann ausgelies ginn.
    • All Benotzer kann zu all Zäit säin registréierte Compte läschen oder läschen loossen, ofhängeg vum Service den en notzt.
  • 4. Privatsphär

    • Fir d'Privatsphär vun den registréierten Benotzer ze garantéieren, däerf de Benotzer selwer wielen ob, an wéi eng Daten vun him ëffentlech siichtbar sinn. Ginn optional Daten agedroe, gëllt dëst automatesch als Akzeptéieren vum Uweisen fir all Visiteur vun de Websäiten.
    • Keng vun den Donnéeën vun de Benotzer ginn un drëtter weiderginn ouni den Accord vum Benotzer selwer.
    • All Donnéeën ginn gespäichert op engem Server wou nëmmen photogen Zougrëff huet, an als Zousaz hält photogen sech d'Recht e Backup vun dësen Daten ze maachen op engem Späichermedium den sech och am Ausland befannen kann.
  • 5. Inhalt ubidden

    • Mam Eropluede vun Inhalt (Dëst kënnen Fotoen sinn, Tutorials, Artikelen an all aner méiglech Zort vun Inhalt), gëtt de Benotzer seng Garantie, dass hien d'Urheberrecht vun dësem Inhalt huet an d'Recht dësen ëffentlech ze weisen. Dëst trëfft virun allem zou wann d'Rechter vun aneren mat am Spill sinn, wéi z.B. mä net limitéiert, op eng Foto vun enger anerer Persoun.
    • Beim Eroplueden iwwerhëlt den Benotzer all Responsabilitéiten fir all Zort vu Schued zu dem hien mat sengem bereet gestallten Inhalt sollt Schold droen, oder fir de Fall dass en géint en Gesetz verstéisst respektiv géint eng vun den hei am Dokument erwähntenen Konditiounen.
    • Mam Eroplueden vun Inhalt erlaabt de Benotzer photogen dësen Inhalt weltwäit op hiren Websäiten zur Verfügung ze stellen an den Inhalt esou unzepassen, dass en op de Websäiten kann agebaut / ugewise ginn. Dës ännerung bezéien sech allerdings just op Verklengeren/Verkierzungen oder Verformen fir d'Duerstellung besser ze garantéieren, op kee Fall gëtt den Inhalt vum Sënn oder der Idee hier geännert.
    • Mam Eroplueden vun Inhalt erlaabt de Benotzer photogen dësen Inhalt weltwäit op sozialen Netzwierker ze verëffentlechen, limitéiert op de Kontext an deem d'Foto op photogen.lu erop geluede ginn ass. Sollt de Benotzer dëst net wëllen, muss en dat ausdrécklech matdeelen beim Eropluede vum Inhalt.
    • Eropgeluede Fotoen däerfen keng Nue'en sinn (Aktfotografie), photogen behällt sech d'Recht dës ze läschen. De responsablen Benotzer kritt an dem Fall Bescheed gesot dass seng Foto huet mussen geläscht ginn.
    • Et ass verbueden Material erop ze lueden wat zu Rassismus oder soss enger Zort Haass leede soll, genee wéi Material wat net jugendfräi ass. Photogen hält sech d'Recht fir dës Inhalter direkt an ouni Bescheed ze soen, ze läschen.
  • 6. Urheberrecht

    • All Grafiken, Texter an aner Formen vun Dateien déi néideg sinn fir dass d'Websäiten korrekt funktionéieren gehéieren photogen. Vun den Benotzer bereet gestalten Inhalt ass hei ausgeschloss.
    • Och d'Idee www.photogen.lu als Plattform an der Form wéi se ass unzebidden gehéiert photogen an photogen alleng.
  • 7. Behuelen

    • Rassismus, Diskriminéirung a Beleidegungen hunn näischt op de Websäiten verluer, Benotzer déi dergéint verstoussen ginn maximal eng Kéier verwarnt. Duerno, oder, ofhängeg dovun wéi grave seng Ausso war, gi se temporär bis permanent vun de Websäiten ausgeschloss. Och en allgemenge Sënn fir géigesäitege Respekt gëtt erwaard, mam gemeinsamen Zil zesummen besser kreativen Inhalt kënnen ze erstellen.
  • 8. Mëssbrauch vun engem Service

    • Sollt en Mëssbrauch festgestallt ginn vun engem vun de Servicer vu photogen, dann ass dësen direkt dem Comité vu photogen matzedeelen, an zwar per E-Mail op info@photogen.lu.
    • Photogen verpflicht sech esou séier wéi hinnen méiglech sech ëm gemellten Mëssbraucher ze këmmeren, wat eventuell kann am Läschen vun Inhalt resultéieren. Sollt d'Rechtslag onkloer sinn, ass photogen net verpflicht direkt eng Aktioun ze ënnerhuelen.
  • 9. Registréiert Marken

    • D'Urheberrecht vun de Logoen an de jeeweilegen Schrëftzich läit bei de jeeweilege Marken.
  • 10. Limite vun der Haftung

    • Photogen ass net responsabel fir all Zort vu Schued deen engem Notzer sollt zoukommen duerch eng vun de Websäiten.
    • Photogen iwwerhëlt keng Verantwortung fir Hyperlinks op extern Säiten, an och net fir den Inhalt vun dësen.
Revisioun: 19. August 2012

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 271 Gäscht online