Den Scott Kelby, en amerikanesche Fotograf an Member vun NAPP (National Assocation of Photoshop Professionals), huet schonn läscht Joer säin weltwäiten Photo Walk organiséiert bei dem Photogen och Deel geholl huet.
De Prinzip: Leit kënne sech mellen bei him a senger Firma fir en Photo Walk ze organiséieren an hierer Géigend, wou sech dann iwwert hier Säit Leit kënnen umellen (maximal 50).
Wéini: Dëse Photo Walk ass Samschdes den 24. Juli weltwäit.
Duerno kënnen d' Fotoen vun deenen déi matgaange sinn erop geluede ginn um Site vum Photowalk. Den organisateur sicht dann déi bescht eräus, an déi ginn un de Scott Kelby geschéckt. Hien sicht dann, vun der ganzer Welt, déi bescht Fotoen eraus, an verdeelt Präisser.
De Photo Walk ass fir jidfereen deen einfach just Loscht huet Fotoen ze maachen, Konditioune musse keng erfëllt ginn, ausser dass gewosst soll sinn, dass ongeféier 3-4km getrëppelt ginn.
Ween méi wëll wëssen wat e Photo Walk ass, kann einfach kucken op hierer Websäit: worldwidephotowalk.com
D' Präisser déi ee ka gewannen sinn hei ze gesinn: Lëscht vun Präisser
Et ginn och passend T-Shirten fir de Photowalk: Photowalk T-Shirt Shop
WICHTEG: Fir dass ee seng Fotoen kann erop lueden nom Photowalk soudass een d'Gewėnnchancen och huet MUSS ee sech umellen op hierem Site wou der Link hei drėnner fannt.

UMELDUNG AN DETAILER
Op der Säit bei hinnen déi fir eise Photo Walk firgesinn ass kann ee sech umellen: Photo Walk Luxembourg City