passen schéin zesummen. Den Faarfkontrast tëschent Blo an Giel ass super an deem Eck. D'Faarwen an dem lénksen Bild sinn just zimlech intensiv am Verglach zu den aneren zwou Fotoen. An géif vir PG méi eng kleng Rumm wielen, mee dat ass Spéngelzielerei...
stemmt, ass mer nom Upload opgefall, iergendswei wierkt et am .PSD-Datei anecht wei am sRGB-export hei...hmm
stellen mol dFaarwen no,
an: den schwarzen Strich vun der Rumm ass lenks an riets ze no bai (am Verglach mat uewen an mat zwescht den Fotoen....) ah well.... Pixelzielen lount sech! D:
hehehe jo, henkt dovun oof wat si grad ausstellen, allerdeng d'Gebai selwer get nie langweileg!
Grad duerch d'Spill vun der Luucht dobannen entstinn emmer rem spannend Beliichtungen....
merci Jean-Paul, stemmt dass se net 100% oofgestemmt sinn, misst do nach enka nodréiglech shadow/highlights anfierwen (hunn ech net sou gemaach, dFotoen sinn am Original mat där Luucht belueden...)
Freet mech dass se gefällt!
absolut genial, d'Faarwen , Kompositioun ... nodreiglech Gratulatiounen,
normalerweiss stéieren mech vertikal verzunnen Linnen a Perspektiven,
beim 3 Bild awer feieren se mat Dynamik nach no uewen, e Stack mei heich, einfach flott.
Stemmt dass dFotoen all e bessi vun hierer Perspektiv praissginn - ech sinn keen Fan vun der "absoluter" Korrektur (dei am Fall vum Quadrat heinsdo ganz gudd passt) - sou dass ech se an desem Fall einfach sou geloss hunn...
Freet mech dass se dir gefaalen, sinn frou dass dest eng Wochenfoto gouff!