fannen se super flott, mais epes steiert mech an deser serie, se sin all net riicht, resp. no uewen verzerrt !
mais bei enger serie as daat jo nach keen problem, et kann een soen et geiff zur serie geheieren !
nee, soot mer wann ech et ze enk gesin, mais ech ieren mech dach net oder ?
Schéi Serie
Dei eischt gefällt mer esouwuel am SW wéi an der Farw, mat enger liichter Preferenz fir Farw. 2, 3 an 4 fannen ech besser am SW.
Wanns de d'Kippen solls korrigéieren, bei der 4 och rieds dei puer Liichtstreifen ewechmachen (méiglecherweis vun engem dee mat enger Zigarett lanscht gangen ass)
Ech hun se eng jet léiwer a schwaarz/wäiss!
Ët mécht, datt se vill méi roueg a majestätesch gin, am Géigesaz zu deene ville verschiddene Faarwtéin vun ënnerschiddleche Konschtluuten. - Insgesamt: eng ganz propper Aarbecht !
des Versionen gefaalen mer besser, bei denen Faarwegen fannen ech den Himmel e bessen iwerstraalt, an daat kennt hei am sw net esou raus....dofir ass d'Photo mei roueg. gefällt mer....sin frou mol rem eppes vun der ze gesin