Du mengs jo bestemmt den Preset?!? Wann jo, dann kann een daat. Mat der rietser Maustast drop klicken an Export wielen. Deen Fichier kann een dann mat engem Texteditor opmachen an do stin d'Settings als Text dran.
Nee, klick einfach an der Lëscht vun den Presets (also net op der Foto) mat der rietser Maustast op den Preset, dann kanns du am Context-Menu als zweetleschten Punkt Export wielen. Domat speicherts du dann een Textfichier oof wou d'Erweiterung ".lrtemplate" huet (also mol bei mir um Mac). Deen Fichier kanns du dann mam Notepad opmachen an do stin dann deng Astellungen vum Preset am Kloertext dran.
Cool. Pass just op wat s de am Lightroom mechs, wann ech mech erënneren wier eng Vignette zB Advanced Editing, an natierlech kanns de alles wat säit Lightroom 2.1 (mengen ech) dobäi as mat gradéierten Filter an dem Pinsel vergiessen.
Dovun ofgesin, nawell eng cool Foto!