Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Lëtz Aurora

All Fotoen an dëser Serie:
48404 Thumbnail
48405 Thumbnail
48406 Thumbnail
48407 Thumbnail
Lëtz Aurora
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.05.2024
  • Gekuckt:
    371
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon Z7
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=93174]
Kommentar vum Fotograf:
Ech konnt et natierlech och net si loossen virgëscht ze probéieren d'Nordliichter hei anzefänken. Dëst Naturphänomen eosu ze gesinn, hei bei eis, ass schonn eppes extrem spezielles.

All d'Fotoen sinn zu Klengbetten beim Waassetuerm gemaach.
Paul-H 12.05.2024 - 21:54
Ganz schéin. Allerdings hätt ech déi zwou éischt geriicht fir dass den Tuerm net sou kromm do an der Landschaft steet.
Soss awer wierklech super.
tormi 12.05.2024 - 22:19
Schein agefaangen,
ech sin mam Paul waat den Tuerm ugeet, dei 4. ass awer fier mech dei flottsten
wuff 13.05.2024 - 09:52
Flott Serie, ech war en Samsten och op der Sich dono, awer näischt gesinn.
Nicon07 13.05.2024 - 20:03
Flott, Johny. Hues du di dote Polarliichter och sou mat bloussem Aa gesin, oder just duerch d'LZB um Fotoapparat?


Ech hu leider keng sou flott Fotoe kritt, well ech réischt e Samschdeg den Owend konnt kucke goe, wéi de Sonnestuerm nit méi sou stark war, an ech hat mat 30" a 1600 ISO nit grad di richteg Astellungen gewielt.
Johny 14.05.2024 - 10:55
Merci Nico.
Mam Aa huet een natierlech vill manner gesinn. Trotzdem, déi stärkst "Pillars" (Also vertikal Strécher déi mauve & bloelzech sinn) déi konnt een mam Aa erkennen, an och wéi se sech beweegt hunn. Dat gréngt um Horizont huet een och ganz liicht erkannt.

Beliicht hunn ech vill vun dese Fotoe mol net extrem laang, vill waren bei 8-10s, bei iso 1600 oder 3200.

Mee leider war et effektiv e Samschden Owend ze spéit, d'Konditioune waren do net méi esou wéi nach an der Nuecht virdrun.
Deni 17.05.2024 - 13:17
flott Fotoen ech hun se leider verpasst

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Flèche du Sud

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 330 Gäscht online