wouaww, een Highlight de moien,
ech sin een Fan vun Moos an Bësch an déi Foto huet mir et ugedoen
sech dohin beamen an ganz roueg ginn, traumhaft schéin .-)
..all Daag een Highlight ass cool, an dat dëst Bild dee vun Haut war, freet dat mech richteg.
..ët as eng flott Plaatz, just Schued dat bal nii Waaser hei fléisst. Mais egal, wéi's de selwer sot's, dësen flotten Fleck Natur betruechten, dem Klang vum Wasser nolauschteren a ganz roueg gin.
E grousse Merci fir däi léiwe Comment icylady.
..jo Jeanny, och souguer d'Bild ass am Reen entstanen an d'Fielsen waren ferm glëtscheg.
..ët freet mech wann d'Bild dir gefällt, a fir de ''perfekt'' e ganz grousse Merci Jeanny.
Waasser iwwert de Steng, Waasser ënnert de Steng, Waasser tëscht de Steng ... dës Foto gefält mir ganz gutt!
D'Pose hues de och gutt hi kritt: Liicht verwëscht an awer ass d'Beweegung vun der Bach nach däitlech ze erkennen. Super!
E grousse Merci fir däi Comment jorsch. Et as eng intressant Plaatz, ët muss e just e bessi knechelen fir een optimalen Standpunkt ze hun, mee dann bidden sech emgem flott Motiver.
..jo, et war dee leschte Freideg an och méi Zoufall, deen Daag virdrun koum hei praktesch kee Waasser.
Et freet mech op alle Fall dat d'Bild gefällt Michèle. Merci gesot.